Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komplett an de Sand gesat"

Oppositioun kritiséiert

"Komplett an de Sand gesat"

D'Regierung hätt de Projet Fage komplett an de Sand gesat. Där Meenung ass d'CSV-Deputéiert Martine Hansen. Op Demande vun hirer Partei waren haut d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an de Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Ëmwelt- a Wirtschaftskommissiounen an der Chamber fir déi lescht Entwécklungen am Dossier vun der geplangter Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng ze presentéieren. Dat nodeems am August 16 Gemengen a Bierger am Kontext vun der Kommodo-Prozedur schrëftlech Avisen zum Projet agereecht haten.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Paule Rodesch lauschterenplay_arrow


D'CSV kritiséiert ënner anerem, datt déi ëffentlech Consultatioun am Summer lancéiert gouf. Dat wier géint all Prinzip vun der Transparenz an der Participatioun, esou d'CSV-Deputéiert Martine Hansen. Si stéisst sech och dorunner, datt de griichesche Betrib enorm Faveure gemaach kritt hätt, zum Beispill beim Verkaf vum Terrain, obschonn d'Regierung zouginn hätt, datt Fage net reegelkonform wier. Doriwwer eraus hätt d'Fabrick viraussiichtlech en enorme Ressourcëverbrauch, ënner anerem bis zu 2.500 Meterkibb Waasser den Dag.

CSV: Knackpunkt ass de Waasser- an de Flächeverbrauch

Datt d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg de schwaarze Péiter elo un d'Waassersyndicaten an un d'Gemenge wéilt ofginn, ass aus der Siicht vun der CSV inakzeptabel, seet d'Martine Hansen.

"An zweetens och nach de Flächeverbrauch, well mer sinn haut gewuer ginn, datt dëse Betrib u sech Kompensatiounsfläche vun 31 Hektar bräicht. Mir wësse jo, datt net nëmmen d'Waasser knapp ass, mee datt och d'Flächen zu Lëtzebuerg knapp sinn."

déi Lénk: Geplangte Fabrick net mat ekologesche Grondwäerter vereinbar

D'Ofwaasser vun der Jugurtsfabrick soll iwwerdeems an enger eegens dofir gebauter Kläranlag traitéiert ginn an duerno an d'Uelzecht fléissen. Et bestéing de Risiko, datt doduerch d'Temperatur vum Waasser am Floss ëm ee Grad kéint klammen, esou den David Wagner vun déi Lénk. Der Ministerin no géif dëse Grad awer engem Standard entspriechen, deen als akzeptabel géif ugesi ginn.

"An et muss een och ëmmer oppassen mat gewësse Standarden déi festgeluecht ginn. Dat gesäit ee jo och bei der Klimadiskussioun, datt dat oft Kompromësser sinn déi net onbedéngt ekologesch gerecht sinn. Dat heescht, et muss ee mat engem Impakt rechnen, an ech fannen dat onméiglech an enger Zäit an där mer wëssen, datt d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg staark impaktéiert ass a verschwënnt.

Wa finalement awer keng Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng sollt gebaut ginn, da géif d'Regierung riskéieren deen Terrain zu engem vill méi héije Präis mussen zeréckzekafen, esou nach eng weider Kritik vun den Deputéierten aus den Ëmwelt- a Wirtschaftskommissiounen. Dem Wirtschaftsminister Fayot no kéint de Staat déi Surfacen nämlech net méi zum Verkafspräis zeréckkréien.