Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Aktioune riskéiert d'Klimaschutz-Zil symbolesch ze bleiwen

Accord COP21

Ouni Aktioune riskéiert d'Klimaschutz-Zil symbolesch ze bleiwen

2020 soll een neit internationaalt Klima-Ofkommes a Kraaft trieden. D'Vertrieder vun 195 Staaten hunn de leschte Samschdeg um Welt-Klima-Sommet decidéiert, datt si d'Äerderwäermung op däitlech ënner zwee Grad wëlle limitéieren. Dat Zil riskéiert awer reng symbolesch ze bleiwen, wann d'Aktioune vun de Länner sech net dorunner moossen, mengt d'Pia Oppel.

auto_stories

3 min

Pia Oppel

Den "Accord vu Paräis" ass historesch. Déi éischte Kéier si quasi all d'Länner op der Welt bereet, ee legal verbindlecht Klimaofkommes z'ënnerschreiwen. Vu Bangladesch iwwer Südafrika bis Kanada: Jiddereen engagéiert sech, seng Klimaschutzefforten all fënnef Joer no gemeinsame Virgaben z'evaluéieren an erop ze schrauwen.

Déi national Klimaziler selwer sinn awer net verbindlech - dofir hu virop d'USA gesuergt. Trotzdem kann een optimistesch sinn, wann een dëst Ofkommes als eng vertrauensbildend Moossnahm consideréiert. Wann déi grouss Wirtschaftsacteuren gläichzäiteg ufänken ze soen, datt den Zäitalter vun de fossillen Energien eriwwer ass, wann déi richteg Gesetzer gestëmmt ginn a Subventiounen an déi richteg Secteure fléissen, kéint et gutt sinn, datt all d'Länner sech no an no trauen, méi ambitiéis Emissiounsreduktiounen unzestriewen.

Ambitiéis Ziler, déi awer méi séier missten ëmgesat ginn

Mat der Erfëllung vun där Hoffnung steet a fält deen neien Accord. Et ass déi eenzeg Hoffnung, op déi een nom Echec 2009 vum Sommet zu Kopenhagen nach konnt setzen. An den Accord stäipt se mat zolitten Engagementer. Sief dat a Form vu gemeinsamen Transparenzreegelen, oder wat déi finanziell Ënnerstëtzung fir déi äermste Länner ugeet.

De Problem bleift, datt alles méi séier misst goen. Déi global Duerchschnëttstemperatur ass zënter der industrieller Revolutioun schonn ëm bal ee Grad geklomm. Wann een eng minimal Chance wëll hunn d'Zil vun 1,5 Grad z'erreechen, missten déi klimaschiedlech Emissioune weltwäit spéitstens 2030 hire Maximum erreechen. An der Mëtt vum Joerhonnert misst d'Weltgemeinschaft quasi klimaneutral funktionéieren.

Lëtzebuerg muss sech nach beweisen

All d'Länner missten also elo direkt ufänken, hir Aktiounen un deem Zil ze moossen dat se sech gesat hunn. D'Ëmweltministesch huet zu Paräis ëmmer nees fir een ambitiéist Klimaofkommes plaidéiert. Wann et dann awer ëm déi national Klimapolitik geet, wielt si hir Wierder méi virsiichteg.

Wéi een Zil setzt Lëtzebuerg sech bis 2030? "Dat musse mir nach kucken", sou d'Carole Dieschbourg e Samschden. Den nämmlechten Dag huet de Premier hei op der Antenn gemengt, hie kéint net op d'Recette vum Tanktourismus verzichten. Gläichzäiteg gëtt iwwer Steierkaddoe vun e puer Honnert Milliounen Euro nogeduecht.

Et kann een net géigeniwwer deenen äermste Länner op der Welt priedegen, Wuelstand, sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz kéinten Hand a Hand goen, mee net emol versichen, dee Beweis an engem vun de räichste Länner op der Welt z'erbréngen.