Kommentar : Wéini gëtt endlech op de Chaos bei der Cargolux reagéiert ?

Den Duerchernee bei der Cargolux geet virun. 100,7-Informatiounen no huet den Direktiounsmember Henning zur Hausen d’Iwwergangsaufgab als Responsabele fir de Beräich Sales and Marketing ofginn. Domat soll den Direktiounsmember dogéint protestéiert hunn, datt den HNCA-Beroder Robert Song och sollt Beroder vun der Cargolux ginn. Gutt informéierte Sourcen no, huet de Cargolux-President Paul Helminger an der Suite vun deenen Diskussiounen decidéiert, dem Robert Song awer kee Kontrakt ze ginn. Intern ass dee Revirement awer net matgedeelt ginn. De Mëttwoch ass de Verwaltungsrot zesumme fir ënnert anerem en neie Generaldirekter ze designéieren. Wéi mer dat gemellt hunn, huet de fréiere Lufthansa- a Kuehne und Nagel-Manager Dirk Reich gutt Chancen.

Wéi laang muss dee Chaos nach viru goe bis endlech reagéiert gëtt? Dat freet de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

De Kommentar fir nozelauschteren :

De Kommentar fir nozeliesen :
éi katastrofal Gestioun a Gouvernance un der Spëtzt vun der Cargolux hëlt Dimensiounen un, déi nëmmen nach schiedlech sinn. Scho während de Koalitiounsverhandlunge goufen DP, LSAP a Gréng gewarnt, datt se d’Rudder séier an d’Hand huele misste fir d’Implosioun un der Spëtzt vun der Cargolux z’evitéieren, mä dat mannst wat ee bis haut soe kann, ass datt dat der neier Regierung net gegléckt ass.

Wéi den Deal mam wahrscheinlech neien Aktionär HNCA sech konkretiséiert huet, ass d’Generaldirektioun weider fir domm verkaf ginn, grouss Deeler vum Verwaltungsrot sinn net mat agebonne ginn, respektiv hir Suergen a Kritike sinn zu deem engem Ouer eran, an zum aneren nees eraus gaang. Zwee vu véier Direktiounsmemberen hunn demissionéiert a schrëftlech protestéiert, de Responsabele fir déi wichteg Regioun ASIEN huet opgehal well en net un d’Flich an d’Provënz Henan gleewe soll, de Verwaltungsrot schéngt dat Ganzt just nach ze toleréiere well e vun der Regierung gesot kritt, en hätt ze follegen.

Virun allem de President vum Verwaltungsrot huet an all deem eng erstaunlech "Narefräiheet" : lescht Beispill an der laanger Serie ass d’Engagéiere vum HNCA-Beroder Robert Song. Wéi déi ronn 1600 Salariéeë vun der Cargolux d’lescht Woch matgedeelt kruten, datt de Robert Song elo och soll d’Cargolux beroden, huet dat fir weider Nervositéit gesuergt: d’Personalvertrieder wéi och Anerer hunn en neien Interessekonflikt gefaart wéi och weider negativ Perceptiounen an der Cargo-Industrie. A wat ass geschitt ? Obwuel de Consultants-Job fir de Robert Song schonn intern matgedeelt gouf, huet de Paul Helminger wéi et schéngt decidéiert, dem HNCA-Beroder awer kee Kontrakt ze ginn... Do gëtt ëmmer nees probéiert, verschidde perséinlech Choixen duerchzesetzen, an eréischt wa massiven Drock kënnt, gëtt drop verzicht, op Käschte vun der Kredibilitéit.

Erstaunlech ass, datt de Chaos an der Cargolux wéinst de Medie bekannt ass, mä datt sech quasi net dofir interesséiert gëtt. D’Chamber, déi an der leschter Legislaturperiod sou houfreg op hir Kontrollfunktioun war, kuckt dës Kéier just no, respektiv interesséiert sech net fir e Betrib, deen den Ament bal exklusiv an ëffentlecher Hand ass. Steiergelder stinn um Spill, sou wéi och Aarbechtsplazen an de Ruff vum Land. Oder gleeft éiere kee méi un d’Zukunft vun engem wichtege lëtzebuerger Traditiounsbetrib ?

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen