Kommentar : Wat soll mat der neier ëffentlecher Petitioun erreecht ginn ?

Zënter gutt zwee Méint sinn zu Lëtzebuerg ëffentlech Petitioune méiglech, an d’lescht Woch gouf an der Chamber déi éischt ëffentlech Debatt iwwerdro iwwer eng Petitioun, déi dofir déi néideg 4500 Ënnerschrëfte kritt huet. "D’Parlament huet keng Linn, wéi et mat deem neien Instrument ëmgoe soll, a wat doduerch soll erreecht ginn" : E Kommentar vum Jean-Claude Franck am Moies-Panorama vum 3. Juni

Et ass näischt dogéint ze soe, wann d’Politik sech méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz op de Fändel schreift. Et ass och näischt dogéint ze soen, datt e Parlament op sengem Internetsite d’Méiglechkeet vun Online-Petitiounen opmécht. Mä, wéi de Chamberpresident et selwer d’lescht Woch an der éischter ëffentlecher Debatt iwwer d’ëffentlech Petitioun géint den Tram sot : “Et ass kee Wonnermëttel”. An do muss ee soen: virun allem net, wann et esou ofleeft wéi mat der Petitioun géint den Tram. Do gouf den 21. Mäerz Moies um 7 Auer 37 e Mail un d’Chamber geschéckt mat e puer ganz séier formuléierte Sätz : den Auteur huet sech géint den Tram, fir e Referendum doriwwer, fir eng Autobunnsvignette oder den Ausbau vun den Autobunnen ausgeschwat. Zack, de Mail ass fort, an e puer Wochen drop hu méi wéi 7000 Leit dat ënnerschriwwen, woubäi – ech maachen eng Wett – d’Majoritéit vun de selwechte 7000 Leit net mat enger Autobunnsvignette averstan wier. Wat soen also 7000 Ënnerschrëften am Online-Zäitalter aus ? Wieren déi 7000 Leit och bereet, mat de selwechte Fuerderungen duerch d’Stroosse manifestéieren ze goen ? Dat ass net sou sécher.

Zweetens muss ee sech d’Fro stelle, ob et richteg ass, datt d’Réunioune vun de Chamberkommissioune mat den Auteure vun de Petitiounen ëffentlech iwwerdroe ginn. Dat ass am Prinzip eng gutt Iddi, steet awer a kenger Relatioun zu den normale Kommissiounsréuniounen – déi nämlech deelweis vill méi interessant a wichteg sinn, an trotzdem hannert zouenen Dieren.

Drëttens, an déi ëffentlech Iwwerdroung d’lescht Woch huet dat gewisen, wier et da vun den Deputéiert a vun der Regierung net schlecht, wa se op d’mannst géifen op dat agoe, wat d’Invitéeë virdroen. Wann d’Politiker just vun der Séance profitéiere, fir nach eng Kéier hire Monolog ze halen, bréngt dat d’Debatt net weider.

A sou stellt sech um Enn déi prinzipiell Fro fir d’Chamber : wéi geet se mat deem neien Instrument em? Wann den normale legislative Prozess souwisou onverännert weider geet, da muss ee sech froe, wat dat Ganzt dann elo bruecht huet. Entweder, d’Instrument gëtt eescht geholl an zum Deel iwwerduecht, oder awer et wier besser net agefouert ginn. Wie Biergerbedeelegung wëll, muss dofir och déi richteg Viraussetzunge schafen. An dobäi geet et em e Mentalitéitswiessel, deen net mat e puer ëffentleche Debatten op Chamber TV erreecht gëtt...

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen