Kommentar an der Suite vu #LuxLeaks
Et ass Zäitverschwendung, fir sech iwwert d’Luxleaks-Revelatiounen als eng onfair Attack géint Lëtzebuerg z’indignéieren, mengt d’Pia Oppel am Kommentar. Amplaz sollt ganz oppen doriwwer geschwat ginn, wéi d’Land op déi aggressiv Steieroptiméierung fir multinational Betriber kéint verzichten:
Déi Diskussioun ass engersäits néideg, well Lëtzebuerg selwer een Affer vum internationale Steierdumping ass. D’Steierlaascht fir d’Menagë klëmmt zënter Joeren, an déi grouss Betriber sëtze steierpolitesch um laangen Hiewel. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot viru Kuerzem hei op der Antenn, wéinst der globaliséierter Steierkonkurrenz wier et kaum méiglech d’LSAP-Wahlversprieche vun enger méi fairer Laaschteverdeelung tëscht Betriber a Privatleit anzeléisen.
Iwwerdeems ass mëttlerweil kloer, datt d’Steierkonstrukter déi an de faméise Rulinge festgehal ginn, an enger legaler Grozone leien, wat zu Abuse féiert. Aus engem Rapport vum britesche Parlament geet ervir, dass Berodungsfirme wéi PwC, KPMG, oder Ernst and Young Konstrukter proposéieren, deenen se selwer just eng Chance op zwou ginn, effektiv legal ze sinn. An d’EU-Kommissioun kéint schonn an e puer Méint zum Urteel kommen, datt déi Lëtzebuerger Steierrulinge fir Amazon a Fiat net gesetzkonform sinn.
Op OECD-Niveau sinn dowéinst scho méi streng Reegelen an der Maach. An der EU gëtt iwwer eng Harmoniséierung vun der Betribsbesteierung nogeduecht. Wat bei dësen Initiativen eraus kënnt, ass eng aner Fro. Mee d’Aen zoumaachen huet kee Sënn. Trotzdem zéckt d’Regierung fir kloer ze soen, datt Lëtzebuerg op d’Steieroptiméierung ka verzichten. D’DP ass als liberal Partei prinzipiell fir Steierkonkurrenz, an deemno natierlech éischter zeréckhalend. Net z’ënnerschätzen ass wuel och, datt fir d’DP bei de Koalitiounsverhandlungen Acteure mat um Dësch souzen, déi vun dësem Geschäftsmodell profitéieren.
Mee wéi positionéieren sech LSAP an déi Gréng? Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn huet sech am Spiegel vun de "Steiertricksereien" distanzéiert. Mee wann déi Kritik ouni Konsequenze bleift, riskéiert d’LSAP sech bei der geplangter grousser Steierreform uerdentlech ze blaméieren.
Déi Gréng stoungen der aggressiver Steieroptiméierung zu Oppositiounszäite kritesch géigeniwwer. Fir si grad wéi fir d’LSAP misst et deemno inakzeptabel sinn, datt den DP-Finanzminister Pierre Gramegna d’Steier-Rulingen als „eise Patrimoine“ bezeechent. Och vum Bankgeheimnis gouf laang Joere gesot, Lëtzebuerg kéint net ouni. A wéi ee gesäit, et kann.