Kommentar: Lëtzebuerg boykottéiert Israel net

Lëtzebuerg boykottéiert Israel net. Datt de Quotidien gëscht op senger Titelsäit de Géigendeel behaapt huet, schued enger differenzéierter Diskussioun iwwert déi israelesch Siidlungspolitik, mengt d’Pia Oppel de Moien am Kommentar:

 

Den Text vum Kommentar:

“Le Luxembourg boykotte Israël” – sou gëschter a grousse Buschtawen den Titel op der Une vun der franséisch-sproocheger Dageszeitung.

Datt de Quotidien (op senger Titelsäit vum 27. Februar) sou ondifferenzéiert Stëmmung mécht, ass ongewinnt. Den Titel entsprécht och net dem méi nuancéierten Inhalt vum Artikel. Hei geet et drëms, datt de Kompensatiounsfong vun der Pensiounskees zënter 2011 seng Investissementer aus 7 israelesche Sociétéiten zréck gezunn huet, well déi an d’Siidlungspolitik verwéckelt sinn.

Zenter der Streebommen-Polemik 2010, passt de Kompensatiounsfong op, datt net an Aktivitéiten investéiert gëtt, déi géint international Traité’en verstoussen. Lëtzebuerg huet déi sougenannt Véiert Genfer Konventioun ënnerschriwwen: opgrond dovunner gëllen d’Siidlungsaktivitéiten an de palästinensesche Gebidder als illegal.

Israel kontestéiert des Interpretatioun vum internationale Recht. An zënter Joere gëtt hefteg diskutéiert, op Israel boykottéieren (oder verschidden Zorte vun Israel-Boykotter) och heescht d’Existenzrecht vun Israel a Fro stellen. Vun där Debatt kann een hale wat ee wëll: Kloer schéngt mir, datt d’Verkierzung vun der Problematik mam Kompensatiounsfong op d’Ausso “Lëtzebuerg boykottéiert Israel” an deem Kontext onnéideg polemesch ass.

Wier een zu Lëtzebuerg der Meenung, datt Israel misst boykottéiert ginn, hätt een 2010 sécher net decidéiert, fir ee vun 10 “Trade and Investment Offices” baussent der EU, zu Tel Aviv opzemaachen. Lëtzebuerg an Israel fleege – trotz divergente Vueën op d’Siidlungspolitik – enk Relatiounen.

An wat de Quotidien-Artikel och net erwähnt ass, datt de Kompensatiounsfong par rapport zur Siidlungsproblematik am Noen Osten iwwerdeems guerkeng sou streng Linn fiert: dem leschten disponibele Joeresrapport no, goufen 2012 zum Beispill 330.000 Euro an d’Sécherheetsfirma G4S investéiert, déi mat hire Servicer am Westjordanland aktiv ass. Am Abrëll 2012 huet G4S versprach, déi entspriechend Kontrakter ze kënnegen, des lafen awer deels nach bis 2015.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen