Kommentar iwwert de Finanzministère
An de leschte Wochen ass vill iwwert de Finanzministère geschriwwe ginn: iwwert Beamten, déi ënnert dem neie Minister hirer Wee ginn, iwwer eng schlecht Gestioun oder och iwwer den externe Consultant McKinsey, deen hëllefe soll eng nei Budgetsprozedur auszeschaffen. "An där ëffentlecher Diskussioun kënnt Verschiddenes ze kuerz" : e Kommentar vum Jean-Claude Franck am Mëttespanorama vum 2. Mee
Am Finanzministère leeft sou Munches schif. Dat ass evident, a soll och thematiséiert ginn. Et ass e Schlësselministère, ënnert anerem wéinst de Staatsfinanzen, wéinst der fir d’lëtzebuerger Economie sou wichteger Finanzplaz, wéinst de Regulatiounen, déi an der europäescher Währungs- a Bankenunioun änneren...
Elo sou ze maache wéi wann déi Problemer nei wieren, ass awer ze kuerz gegraff. De Finanzministère ass zënter Joren e Krabbekuerf, an zënter Jore lafe Saache schif. Et ass evident, datt héich Beamten an engem Schlësselministère sech hirer Schlësselpositioun bewosst sinn. An dofir gëtt et der méi, déi menge si wieren nach méi en héije Beamte wéi deen Aneren : am Kloertext goufen et iwwer Jore Muechtkämpf an der Fro, wien e méi direkten Afloss op de Minister huet.
Dat war och esou an der Fro vun der neier Budgetsprozedur, déi effektiv net eréischt vun der neier Regierung opgeworf ginn ass. Zënter méi wéi fënnef Joer ginn et Reflexiounen doriwwer, an den Haaptproblem ass, datt de Ministère et net fäerdeg bruecht huet, sech eens ze ginn. Dat ass doduerch verschlëmmert ginn, datt déi verschidde Lageren am Ministère och op Regierungsniveau existéiert hunn. De Finanzminister vu virdrun hat seng Beamte, mat deenen hien op enger Linn louch, de Regierungschef vu virdrun, deen och laang am Finanzministère d’Soen hat, hat aner Beamten, op déi hie gelauschtert huet. Am Regierungsrot huet de Luc Frieden dann eng Positioun virgeluecht, déi vum Jean-Claude Juncker nees ëmgedréint gouf. An de Muechtkampf am Ministère ass weider gaang.
Déi héich Beamten, déi elo hirer Wee ginn, sinn der och, déi ënnert dem Minister vu virdrun e spezielle Status kruten. Mir erënneren eis un eng Foto an der Revue iwwer “Das Quintett des Ministers” : se souze ronderëm en Dësch wéi d’Haaptéquipe vun zum Beispill engem US-President. Op där Foto gefeelt huet ënnert anerem den IGF-Direkter Jeannot Waringo, dee bekanntlecherweis net zum enke Krees vum Luc Frieden gehéiert huet, mä éischter e gudden Drot hat zum Jean-Claude Juncker.
Datt d’Budgetsprozedur elo soll geännert ginn, mat der Hëllef vun engem externe Consultant, ass dofir vläit just e Beispill dofir, datt den neie Minister net weess, wéi e mat där verfuerener Situatioun soll ëmgoen. Vläit huet e se souguer nach verschlëmmert. Dofir war et ëmsou méi e Feeler vun der neier Regierung, fir déi nei Budgetsprozedur scho fir 2016 z’annoncéieren. Dat ass ze vill ambitiéis, an déi blo-rout-gréng Koalitioun realiséiert grad, datt se dat Versprieche wahrscheinlech net hale kann. Dat wier sou guer an engem besser organiséierte Ministère quasi net ze realiséiere gewiescht.