Kommentar: Interessekonflikter bei der Reform vum Bail commercial
D’CSV-Deputéiert Françoise Hetto huet an engem 100,7-Interview d’lescht Woch vun sech aus zouginn, datt de President vun der "Union des propriétaires" hir, als deemoleg Ministesch, de Gesetzprojet iwwert de Bail commercial geschriwwen hat. Den Haaptintresséierten, de Maître Georges Krieger, huet dat op Nofro hinn och confirméiert, mat der Precisioun, datt hien et war, deen deemools d’Initiativ vum Projet ergraff hat. Duerchaus ee Problem vun Interessekonflikt, mengt de Michel Delage an engem Kommentar:
Déi fréier Ministesch an aktuell CSV-Deputéiert gesäit keen Interessekonflikt doranner, datt si en Text deposéiert hat, deem säin Auteur net si selwer mee de President vun der Union des propriétaires ass. D’Argument vum Françoise Hetto: de Maître Georges Krieger hätt deen Text geschriwwen, andeems hie sech als Proprietaire gesinn hätt. Op där anerer Säit hätt hien awer och wéilten de Locataire verdeedegen, deene Leit hire Suerge wier deemno Rechnung gedroe ginn. An där selwechter Logik huet de Georges Krieger gemengt, d’Union des propriétaires wier net einfach nëmmen eng Lobby.
Wann dat alles esou normal soll sinn, da kann een am Prinzip jo och näischt dogéint hunn, datt eng Reform zum Beispill vum Aarbechtsrecht oder dem Indexsystem vum Patronatsdaachverband UEL respektiv vum OGBL geschriwwe ginn, oder? D’Jonk Demokraten hunn direkt vun Interessekonflikt geschwat a sech em d’Onofhängegkeet vum Staat a vum Beamtestatut besuergt gewisen – méiglecherweis och eng Retourkutsch fir d’CSV, déi d’Regierung jo och wéinst der Proximitéit mat Auditeure wéi Ernst and Young an d’Viséier geholl hat. Der JDL hire Relais an der Chamber, den DP-Deputéierte Lex Delles, huet dee problematesche Fall vun Interessekonflikt - deem vun Hetto a Krieger - an enger Question parlementaire un de Wirtschaftsminister thematiséiert. Méi virsiichteg formuléiert huet hien ënnert anerem d’Fro opgeworf, ob d’Externalisatioun vun der Redaktioun vu Gesetzestexter eng gängeg Praxis ass.
Op d’Äntwert vum Etienne Schneider kann ee gespaant sinn: ëmmerhinn huet de Maître Krieger gemengt, datt de Gros vu senger Virlag sech och am neie Worf vun der Staatssekretärin Francine Closener erëmfënnt. Bis op déi minimal Loyersdauer vu néng Joer: am neie Gesetzprojet ass déi op dräi Joer erofgesat ginn. Dat erlaabt et der fréierer Ministesch Hetto an hirem Ghostwriter Krieger der Regierung virzewerfen, net méi esou equilibréiert ze si wéi se dat behaapt, a méi op d’Interessie vun de Proprietairen agaang ze sinn, woubäi si selwer, also den Duo Hetto-Krieger, um Enn méi Locataire-frëndlech do stinn.
Komplett aus dem Bléckfeld verschwënnt dogéint, datt e Plafonnement vun de Loyeren eng Optioun weder fir déi al nach fir déi aktuell Regierung war respektiv ass. Dat hat d’Chambre des salariés nämlech Enn 2013, nom Depot vum Hetto-Krieger Text, bedauert. Esou e Mechanismus fir d’Präisser ze reguléiere wier am Interessi vun de klenge Geschäftsleit an och vun de Salariéë gewiescht, sou d’Salariatskammer. Ëmmerhin hate bei der spektakulärer Faillite vu 17 Stater Geschäfter virun zwee Joer Dosende Vendeuse respektiv Vendeuren hir Aarbecht verluer. Well d’Loyeren net plafonnéiert sollte ginn, da misst dofir wéinstens e soziale Volet an de Gesetzprojet iwwert de Bail commercial ageschriwwe ginn. Mee esou eppes fënnt een och elo net am Closener-Projet. De Maître Georges Krieger weist drop hinn, datt Locatairen an der Geschäftswelt duerchaus och emol kënne Proprietairë sinn. Vläit huet hien awer net esou Onrecht, wann e seet, en hätt versicht verschidden Interessien ënnert een Hutt ze bréngen. Wéinstens d’Interessie vun deenen zwou Gruppen.