Kommentar : "Den Héichpunkt vun der Mediocritéit ass am Cargolux-Dossier erreecht"

Déi blo-rout-gréng Koalitioun wëll en Nation Branding fir Lëtzebuerg besser am Ausland ze vermaarten. En nobelt Zil, dat am Dossier Cargolux allerdéngs all Dag mat Féiss getrëppelt gëtt : vun der Regierung vu virdrun a vun där aktueller. Nodeems Qatar Airways et scho just annerhalleft Joer an der Cargolux ausgehal huet, well d’Partnerschaft op eng miserabel Manéier preparéiert gouf, an d’Schwieregkeete mam Aktionär schlecht geréiert goufen, ass de Szenario leider amgaang sech ze widderhuelen.

Wéi kann et sinn, datt e Senior Vice President nëmmen 8 Wochen no senger Nominatioun an de Congé geet a wahrscheinlech net méi rëm kënnt, well en een op Erfolleg an Erfahrung opgebaute System riskéiert implodéieren ze loosse wéi e Kaartenhaus ? Net all Recrutement muss geléngen, mä hei handelt et sech ëmmerhin em e Member vun der Generaldirektioun, a virun allem : et goufe vill kloer an däitlech formuléiert intern an extern Warnungen, déi leider wéi sou dacks am Cargolux-Dossier vun der Politik, vum Ministère a vum Verwaltungsrot iwwergaang goungen. An dat ass eng Katastrof : do si Leit, déi kennen de Milieu, déi wëssen am Viraus anzeschätze, wéi d’Cliente reagéieren - an da ginn anerer hin, a se probéieren déi Leit ze beléieren... fir no nëmmen 8 Wochen do ze stoe, wéi déi lescht Amateuren.

Wéi kann et sinn, datt een nëmme 4 Wochen nom Ofschloss vun engem Deal mierkt, datt ee vergiess huet, essentiell Gouvernance- a Kommunikatiounsprozeduren ze klären? Och dat ass net akzeptabel. Déi al Cargolux-Generaldirektioun hat am Hierscht gewarnt, datt misst besser verhandelt ginn : och déi Warnunge ware kloer formuléiert, a goufe wéi sou dacks net eescht genuch geholl.

Am Ausland maachen déi eng de Geck domat, anerer reiwe sech d’Hänn. De Misère ass : d’Cargolux huet dat net verdéngt. Si gouf jorelaang am Stach gelooss an huet misse vill ze laang mat engem Iwwergangs-Generaldirekter auskommen : vläit war et d’Angscht am Ministère an an der Regierung, datt e staarke CEO Verschiddenes net géif toleréieren ?

Zënter Enn Mäerz ass endlech e Generaldirekter en place, an dee schéngt sech och wëllen duerch ze setzen : mä geet et domat duer ? Nee. Well déi Leit, déi am Ministère an am Verwaltungsrot d’Fiedem zéien a fir eng falsch Décisioun no der anerer suerge, musse vum Dossier erofgeholl ginn. Wann een enger zum Deel staatlecher Entreprise, déi fir d’Economie esou wichteg ass, därmoosse schuet, kann een am Eescht dach net den Usproch hunn, et wier een net z’ersetzen ?

E Kommentar vum Jean-Claude Franck am Mëttes-Panorama vum 20. Mee

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen