Kommentar: De Jean-Claude Juncker an déi europäesch Demokratie

Wann de Jean-Claude Juncker um Poste vum EU-Kommissiounspresident interesséiert ass, soll hien och mat an d’Europawahle goen. Dat mengt d’Pia Oppel am Kommentar.

 

Den Text vum Kommentar:

Am Mäerz hat d’EU-Kommissioun eng luewenswäert Propose gemaach: bei den Europawahle sollten all d’Parteien een europawäite Spëtzekandidat an d’Renne schécken, deen op déi Manéier och fir de Poste vum Kommissiounspresident kandidéiert.

2 Zieler wieren domadder verbonnen, sou d’EU-Justizkommissärin Viviane Reding deemools op enger Pressekonferenz: europäesch Spëtzekandidaten droen derzou bäi, dass och een europawäite Wahlkampf gemaach gëtt, dee manner national fragmentéiert ass. Doriwwer raus géif déi demokratesch Legitimitéit vun der EU-Kommissioun, der Bréisseler Exekutiv also, gestäerkt ginn, well se aus dem nei gewielte Parlament ervir geet.

De Lissabon-Traité gesäit fir, dass d’Europaparlament d’Kommissioun wielt, op Propose vum Conseil: d’Staats- a Regierungschef’en vun de Memberstate solle bei hirer Propose d’Resultat vun de Wahle consideréieren. Des vague Dispositioun wollt d’EU-Kommissioun mat hirer Propose konkretiséieren. Mee d’Iddi ass ni formell festgehale ginn, ënnert anerem well se de meeschte Staats- a Regierungschef’en, a besonnesch der däitscher Kanzlerin Angela Merkel, en Dar am Aen ass.

An awer hunn alleguerten déi grouss europäesch Parteie wëlles e Spëtzekandidat ze designéieren. Bei der Europäescher Vollekspartei, zu där d’CSV gehéiert, kënne bis Mëtt Februar Kandidaturen agereecht ginn, d’Décisioun fällt Ugangs Mäerz.

Am Interview mat der franséischer Dageszeitung “Le Monde” huet de Jean-Claude Juncker sech d’lescht Woch mat der Ausso zitéiere gelooss, hie stéing als Kandidat fir d’Presidence vun der EU-Kommissioun zur Verfügung, wann en da gefrot gëtt. Par konter schléisst den CSV-Fraktiounschef et aus, bei den Europawahlen ze kandidéieren. Domadder féiert hien d’Propose vun der Kommissioun ad absurdum: e Spëtzekandidat, dee selwer net mat an d’Wahle geet. Wien soll dat dann nach verstoen?

De “Mister Euro” huet also kloer gemaach, dass hie vun der Demokratiséierungsinitiativ net vill hält. Dat ass eng onwierdeg Haltung, egal ob de Jean-Claude Juncker um Enn wierklech fir de Poste vum Kommissiounspresident kandidéiert oder net.

Déi aktuell EU-Justizkommissärin huet an dësem Fall déi méi schlau an éierlech Strategie: d’Viviane Reding huet sech als “Tête de Liste” vun der CSV fir d’Europawahlen an d’Gespréich bruecht. Enger demokratesch legitiméierter Kandidatur fir d’Presidence vun der Kommissioun stéing also näischt am Wee.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen