Kommentar: Auslännerwahlrecht

Déi nei Regierung plangt fir 2015 d’Bierger per Referendum iwwer eng Rei Froen ze consultéieren; d’Limitatioun vun de Ministermandater, d’Finanzéierung vun de Paschtéier, d’Wahlrecht mat 16 Joer an d’Wahlrecht fir auslännesch Resident’en. Mat Ofstand ass d’Fro iwwer d’Aféiere vum Auslännerwahlrecht déi wichtegst, mengt de Gil Goebbels de Moien am Commentaire.

 

Den Text vum Kommentar:

De Jean-Claude Juncker huet oft während der Wahlcampagne widderholl, et géif vill Konflikt-Potential an där Fro leien. An domat huet e Recht. Well wéi wäerten sech wuel déi auslännesch Residenten fillen, wann d’Debatt am Virfeld entgleist? A wéi eréischt, wann eng Majoritéit vu Lëtzebuerger hinnen um Enn vun der Campagne, déi zousätzlech politesch Rechter refuséieren an se net als "würdeg" fanne fir hinnen op nationalem Plang e Matsproocherecht ze ginn? Dat däerf natierlech keen Argument sinn fir där Fro einfach aus dem Wee ze goen andeems een se net thematiséiert. Et soll a muss awer als eng Zort Warnung gëllen, am Virfeld eng sächlech Debatt iwwer d’Auslänner-Wahlrecht ze féieren. Eng déi populisteschen Aussoen a Clichéen de Réck dréit. Zum Beispill der Ausso, dass kee Land op der Welt dat nationaalt Wahlrecht fir Auslänner opgemaach huet. Dat ass nämlech falsch. Ënnert anerem am Chile, an Uruguay an a Neuseeland ass dat haut de Fall. D’Politik dréit eng grouss Responsabilitéit fir fir Objektivitéit an där Debatt ze suergen. Prinzipiell si jo DP, LSAP, déi Gréng an déi Lénk dofir; ënner verschiddene Konditiounen, dorënner eng gewësse Residenz-Zäit, sollen d’Auslänner wiele kënnen. D’CSV an d’ADR hunn sech hirersäits an hire Wahl-Programmer dogéint ausgeschwat. Vun der ADR ass z’erwaarden, dass se déi Debatt ganz "emotional" féiert. Mais wéi verhält sech d’CSV ? Bleift et bei hirer aktueller Positioun oder kritt d’Partei nach den Dréi an hëlleft de "Konflikt-Potential", virun deem se jo warnt, mat ofbauen ? Wa jo, da sollten d’Parteien eigentlech eng Eenegung sichen iwwer déi d’Vertrieder vum Vollek, vum ganze Vollek, am Parlament ofstëmmen an net op e Referendum zeréckgräifen. Dat wär déi beschte Léisung. Se huet nämlech den Avantage, dass net eng Halschent vun der Gesellschaft d’Rechter vun där anerer Halschent bestëmmt. D’CSV géif, wéi se et jo ugekënnegt huet, domat eng "konstruktiv" Oppositioun’s-Politik maachen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen