Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kolonië vum SNJ trotz Covid-19 gutt besicht

Vakanzenaktivitéiten

Kolonië vum SNJ trotz Covid-19 gutt besicht

D'Kolonië vum SNJ sinn trotz Covid-19 dëst Joer gutt besat. D'Demande ass do, dat seet den SNJ-Direkter Georges Metz. Ronn 900 Kanner wieren an 32 Aktivitéiten opgedeelt gewiescht. Verschidden Elteren hu sech dëst Joer wéinst der sanitärer Situatioun ëm-decidéiert.

auto_stories

2 min

D'Santé huet spezifesch Recommandatioune fir Kolonien erausginn. Op enger Kolonie dierfen zum Beispill net méi wéi 50 Participante sinn.

"Dat kléngt elo no enger grousser Zuel. Et ass awer esou, wann d'Kanner zesummen zéng Deeg an deem Grupp sinn, mësche si sech manner, wéi wa si doheem sinn a permanent wiesselen."

D'Organisatioun war dëst Joer wéinst de spezielle Sécherheetsmesuren e gutt Stéck méi komplex. Den SNJ hat seng Aktivitéiten ni ofgesot, mee well eréischt am Juni confirméiert gouf, datt d'Kolonië kënnen ofgehale ginn, blouf net ganz vill Zäit fir alles en Place ze setzen. Fir all Site an all Aktivitéit wier ee sanitäre Plang opgestallt ginn. Et wieren Zonen definéiert ginn, an deene sech d'Kanner méi fräi beweege kënnen a wou si hire Mask mussen undoen.

Speziellt Informatiounsmaterial, Gestes barrières an extra Formatiounen

Et gouf extra Material hiergestallt, fir d'Zonen auszeweisen an op d'Hygiènesmesuren hinzeweisen an et wieren extra Formatioune fir d'Animateuren organiséiert ginn. "Also dat war schonn e grousse logisteschen Opwand."

D'Haaptvirgabe sinn, "Maacht Aktivitéiten dobaussen" an "Sensibiliséiert d'Kanner op d'Gestes barrières". Et gëtt och speziell Instruktiounen, fir wann e Kand krank gëtt a speziell Isolatiounszëmmer, bis datt d'Elteren et kënnen ofhuelen.

"An der Kolonie kënne mer jo net feststellen op ee positiv ass. Mee wann e Kand sech net gutt spiert, isoléieren, da bei den Dokter schécken, deen dann testen léisst. Dann dauert et jo och e puer Deeg, bis mer e Resultat hunn an dann decidéiert d'Santé, wéi et weidergeet, wéi an allen anere Fäll och."

De Georges Metz betount awer, datt de But bleift fir de Kanner eng flott Summeraktivitéit ze bidden.