Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kokoroko - Could We Be More

Album vun der Woch

Kokoroko - Could We Be More

Kokoroko sinn ee vun de beléiftsten Ensembelen aus der jonker Londoner Jazz-Zeen - eng Zeen, déi dacks grad net an de Coden a Klischeeë vun engem Genre peche bleift. Zougänglech, kreativ, urban, mëscht den aacht-käppege Kollektiv Aftrobeat, Jazz, Pop an R&B zu engem ustiechende Cocktail.

auto_stories

3 min

Den Albumcover. Foto: https://www.facebook.com/kokorokomusic/photos

Londoner sinn heescht jo net onbedéngt Englänner sinn. Wéi eng Aflëss an Traditioune kommen da bei Kokoroko zesummen?

Déi meescht Membere sinn am Vereenegte Kinnekräich opgewuess, mee et verbanne sech vill europäesch an net-europäesch Aflëss. Verschidde Memberen hunn d'Museke vun der Welt wärend hirer Musekercarrière entdeckt, aus Internet, aus Faszinatioun... Anerer haten se vun Ufank un am Rucksak. Wéi den Drummer Ayo Salawu zum Beispill, dee seng Kandheet als Fils vu Missionaren am Nigeria verbruecht huet. Vun him kommen Afrobeat a Gospel-Influenzen, wärend d'Posaunistin Richie Seivwright den R&B vun den 90er mat an d'Band bréngt.

Dat heescht si schreiwen hir Musek effektiv zu aacht?

Genee. Ee grousse Virdeel vun Jazz-Museker ass, datt si fir zesummenzespille keng Nouteblieder vun engem Komponist brauchen. Kompositioun duerch Improvisatioun ass och bei Kokoroko d'Geheimnis vun der Frëscht an der Musek. Hei kommen dann d'Geschichten an d'Gefiller vun alle Memberen zesummen, vun ango-amerikaneschem Jazz bis hin zu westafrikaneschem Highlife. D'Plack ass e bësse gegliddert an dräi graff Deeler, an esou spaant sech ee Bou vu méi westlechen Téin iwwer méi afrikanescher bis hin zu enger liicht düsterer, funkeger Finall.

Ass "Coud We Be More" hir éischt Plack?

Jo, dat hei ass hiren Debut. Mir hate si wuel schonn ab hirem éischtem Titel, Abusey Junction, virun dräi Joer an eisem Programm. Deen, an hir fantastesch Live-Optrëtter hunn hinnen als éischt emol de "Best Group" bei den Urban Music Awards an England abruecht. Nodeem si vill europäesch Festivalle gespillt hunn, dorënner Glastonbury, Meltdown, Elbjazz an Jazz A La Villette, wäert dës Plack si eemol ganz ronderëm de Globus bréngen, do sinn ech mir sécher. D'Band ass a verschiddene BBC Fernseesendungen opgetrueden an hir zwee Boiler Room Sets hu bal eng hallef Millioun Plays krut. Den Drock, eng staark Plack ze maachen dierften si also scho verspuert hunn.

An, erfëllen si déi héich Erwaardungen?

Hei läit eng gewëssen Eleganz, well wann och e puer spatz an energiegelueden Nummere wéi War Dance mat hir Staccato-Hörner d'Temperatur steige loossen, ass dëst weder eng forcéiert Plack, nach eng déi offensichtlech sicht, ze beandrocken. Kokoroko bedeit an der Sprooch vun de südnigerianeschen Urhobo sou vill wéi "Sief staark", an d'Kraaft läit bekanntlech an der Rou. D'Sécherheet vun den Instrumentalisten an hiert bal telepathescht Zesummespill verséchert Rhythmus ouni Hektik, Variatioun ouni Nervositéit. Eng vun deene beschte Rhythmussektioune vun hirer Generatioun, Bléiser déi am Rhythmesch-Harmonesche bommefest sëtzen an och gefillsvoll am Solo spillen, an dann an engem Song als Stëmmen-Ensemble doubléieren, hei kënnt ganz grousst Talent zesummen. Ech fannen d'Waarden huet sech gelount.

Jo, ee vun deene stäerksten Titelen op der Plack ass fir mech Age of Ascent, wat aus der Formule e bëssen erausfält andeem et vun der Gittar gefouert gëtt an ëm eppes méi lyresch ass wéi de Rescht vun der Plack.