Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koepp: "Ech hätt gär, datt gehandelt gëtt"

Horesca

Koepp: "Ech hätt gär, datt gehandelt gëtt"

D'Prozedure vum Wirtschaftsministère fir de Betriber am Horeca-Secteur finanziell ënner d'Äerm ze gräifen, misste schnellst-méiglech acceleréiert ginn. Dat ass d'Fuerderung vum François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca. Ronn 60 Prozent vun de Betriber, déi finanziell Hëllefe vum Staat ugefrot hunn, géife riskéieren an d'Laberenten ze kommen, wann net séier eppes geschitt.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Rahel Könen lauschterenplay_arrow


Eng Rei Betriber hätte scho reklaméiert, datt se fir de Mount Juli nach keng Remboursementer fir de Chômage partiel kritt hätten, esou de Francois Koepp. D'Betriber missten elo d'Pai vu September virstrecken a parallel rechne se domat, datt se déi nächst Hëllefen eréischt am Oktober kéinte kréien. "Dat ass natierlech e Problem fir de Secteur. Well wann der wéineg Rentrée hutt, well mir hu jo eng ganz Rei Betriber, wou et awer méi lues leeft."

Virun allem Betriber, mat enger Business- oder Bureaus-Clientèle hätten eng Auslaaschtung vu manner wéi 50 Prozent. Grond dofir wier, datt vill Leit nach am Home-Office sinn. D'Mesurë vum Wirtschaftsministère wieren ze begréissen, mee:

"Ech menge wat wichteg wier, ass, zemools beim Chômage partiel, datt de Comité de Conjoncture do bësse Stullgank kritt, an datt dat mol bësse méi schnell alles behandelt gëtt. Mir hätten dat sollte loossen, wéi dat virdru war mat der ADEM, wou een dat virausbezuelt krut. Se hätte sech jo dann Zäit kënne loosse fir duerno en Decompte ze maachen."

Bis elo nach keng zefriddestellend Äntwerte vum Wirtschaftsministère

Bis Oktober kéint eng Majoritéit vun de Betriber net méi waarden, mengt nach de François Koepp. Et misst dofir séier gehandelt ginn an et dierft ee sech net a Bürokratie-Mustere verrennen.

"A wann een elo seet, jo mee dat si "Prozedure". Déi Prozedure vum Chômage partiel si fir grouss a mega Industrië gemaach ginn, a mir ginn hei elo ënner deem selwechten Hutt behandelt. Dat ass net nozevollzéien. Dat ass onverständlech. An ech muss soen, ech sinn net ganz happy doriwwer."

Bis elo hätt een nach keng zefriddestellend Réckmeldung vum Wirtschaftsministère kritt op oder wéini d'Prozeduren acceleréiert kéinte ginn, esou nach d'Kritik vum Generalsekretär vun der Horesca.