Koalitioun ass sech iwwert Referendums-Froën eens

Bei de geplangte consultative Referenden am Zesummenhang mat enger neier Verfassung, gëtt d’Bevëlkerung d’nächst Joer iwwert 4 Theme consultéiert: Éischtens gëtt d’Fro gestallt, ob Auslänner sollen d’Wahlrecht kréien, mat der Konditioun, datt se 10 Joer laang Resident waren an op d’mannst eng Kéier scho bei Gemengen- oder Europawahle participéiert hunn.

Zweetens gëtt d’Populatioun iwwert d’aktiivt Wahlrecht vu 16 Joer un gefrot, Drëttens doriwwer ob de Staat d’ministres des cultes soll finanzéieren, a Véiertens ob d’Mandater vu Regierungsmemberen op maximal 10 Joer solle limitéiert ginn. Dat hunn d’DP, LSAP a Gréng Fraktiounen no enger Reunioun mat der Regierung am Sennenger Schlass konfirméiert.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry:

 

An de ganze Bäitrag vum Gil Goebbels:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen