Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaschutz reaniméiert Ee-Sëtz-Diskussioun

EUROPAPARLAMENT

Klimaschutz reaniméiert Ee-Sëtz-Diskussioun

Wéi klimafrëndlech ass d'Europaparlament? Eng Kéier de Mount plënnert dat ganzt Parlament vu Bréissel op Stroossbuerg. Dat ass an Zäite vum Klimawandel net ze vertrieden, fannen eng Partie Europadeputéiert. Eng Etüd soll elo den ekologeschen Impakt vun den zwee Sëtz ënnersichen. D'Unhänger vum Single Seat gesinn eng nei Chance, endlech mat hirer Fuerderung duerchzekommen.

auto_stories

4 min

D'Diskussioun ëm de Sëtz zu Stroossbuerg sinn erëm entfacht. Foto: Europäescht Parlament / Gabor Kovacs

Engersäits de Klimanoutstand ausruffen, an anerersäits selwer dofir suergen, datt tonneweis CO2 an d'Atmosphär geblose gëtt, dat ass net konsequent, soen ausgerechent déi, déi soss a Saache Klimaschutz net an der éischter Rei kämpfen. Et war d'Mëtt-Riets-Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformisten, déi eng Ännerung an der Resolutioun vum Europaparlament iwwer de Klima-Noutstand ënnerbruecht hunn.

Ee Sëtz - am Numm vum Klimaschutz

Do steet elo dran, datt d'Parlament seng Responsabilitéit, fir seng CO2-Empreinte ze reduzéieren agesäit an entspriechend Mesurë proposéiert. Am Text gëtt och explizitt een Appell un d'Memberlänner gemaach, domat d'Accord ze sinn, datt d'Parlament just nach ee Sëtzt huet.

"All Mount reese mir tëschent Stroossbuerg a Bréissel hin an hier, dat kascht ouni Grond vill Suen an CO2. Also hu mir eis Propos vun engem eenzege Sëtz nach eng Kéier ënnerstrach. Déi aner hu misse Jo soen, well si soss hätte missen zouginn, dat si Waasser priedegen, mee Wäin drénken."

seet den Tschech Alexandr Vondra, vun den Europäesche Konservativen a Reformisten. Seng Fraktioun ass scho laang dofir, datt d'Parlament nach just ee Sëtz huet.

De Klimawandel an den allgemenge Wonsch, eppes dogéint ze ënnerhuelen, gëtt als nei Chance ugesinn, mat dëser Fuerderung endlech duerchzekommen.

Effektiv kritt deen Appell duerch de Klimaschutz eng aner Envergure.

752 Europadeputéiert plus Dausende vun Assistenten a Fonctionnairen, beweege sech all Mount vu Bréissel op Stroossbuerg. Dat kascht enger Schätzung vum Parlament no all Joers ëmmerhin tëschent 11.000 an 19.000 Tonnen CO2.

Etüd iwwer den Impakt vun den zwee Sëtz

D'Europäesch Konservativ a Reformiste wëllen dat elo méi genee wëssen, hir Demande fir eng offiziell Etüd iwwer den Impakt vun deem Geplënners ze maachen, gouf déi lescht Woch ugeholl.

"Ufanks d'nächst Joer gëtt eng Etüd gemaach, an ech erwaarde mir, datt déi Drock mécht, fir datt mer wierklech op dat kucken, wat mer hei fabrizéieren", seet den Alexandr Vondra.

Den offizielle Sëtz vum Parlament ass zu Stroossbuerg, wou d'Plenièren ofgehale ginn. Där sinn och zu Bréissel, wou iwwerdeems d'Kommissiounen an d'Fraktiounen tagen. D'Sekretariat vum Parlament ass zu Lëtzebuerg. Esou steet et an den Traitéen. Fir just ee Sëtz ze hunn, missten d'Texter geännert ginn. An dat dat geschitt ass net warscheinlech.

D'Europadeputéiert Anne Sander vun de franséische Républicains mécht sech dowéinst trotz där neier Attack keng Suergen. Déi Diskussioun kéim reegelméisseg erëm, seet si. Stroossbuerg wier de Sëtz vum Parlament, dat hätt eng historesch Berechtegung an dat géif och esou bleiwen, seet si.

Autoservice fir 751 Deputéiert

Allerdéngs kéint d'Parlament och an aneren Domainer aktiv ginn. Jiddwerengem vun den 751 Europadeputéierte stinn Autoe plus Chauffeuren zur Verfügung fir Faarten an engem Radius vu bis zu 20 Kilometer vun der Aarbechtsplaz ewech. Een ongewéinleche Privileeg, dee wuel kaum nationalen Deputéierten an där Form an engem vun de Memberlänner offréiert gëtt.

Net jiddweree mécht dovu Gebrauch. D'Grace O'Sullivan, eng iresch Europadeputéiert vun deene Grénge fënnt:

"Ech ginn zu Fouss, fuere mam Vëlo oder benotzen den ëffentlechen Transport, deen ass zu Bréissel ganz gutt. Vill Deputéiert huelen ee vun deenen Autoen, déi vum Ëmweltstandpunkt hier guer net gutt sinn. Als éischt kéint een do mol elektresch Autoen aféieren. Dat sinn einfach Schrëtt, déi kéinte gemaach ginn."

Dem Spriecher vum Parlament no gouf och decidéiert, datt de Fuerpark vum Parlament bis 2024 komplett op elektresch soll ëmgestallt sinn.

D'Grace O'Sullivan fënnt iwwerdeems, datt een als Deputéiert nach aner Moyenen huet, fir manner CO2 ze verbrauchen. Nämlech net op all Reunioun ze fueren, wou een invitéiert gëtt: "Ech participéiere vun hei aus iwwer den Ecran, ech notzen einfach dës Technologie fir meng Emissiounen ze reduzéieren."

Egal wéi ass et un der Zäit de Sëtz zu Stroossbuerg aus klimapolitescher Siicht a Fro ze stellen, fënnt och déi Gréng Politikerin.

Héich Zäit, datt déi Etüd gemaach, déi doriwwer opkläert, fir wéi vill klimaschiedlech Zäregaser Stroossbuerg responsabel ass. D'Diskussioun iwwer Stroossbuerg als Sëtz vum Europaparlament geet deemno virun.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.