Klimapolitik: Regierung setzt weider op Kompensatiounsmesüren

Trotz engem negative Rapport; vun der Cour des Comptes plangt d’Regierung bis op weideres keng gréisser Changementer an der Klimapolitik. Well strukturell Changementer an den CO2-intensive Beräicher Transport an Energie réischt mëttel- bis laangfristeg z’erwaarde sinn, wier ee weiderhin op den Akaf vun CO2-Emmissiounsrechter ugewisen, sou de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère Camille Gira (déi Gréng) am 100,7-Interview. De Choix vu  Klimaschutzprojeten am Ausland soll awer vun 2015 un vum Cooperatiounsministère begleet ginn: dat fir eng besser Kohärenz mat der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik ze garantéieren:

 

D’Cour des Comptes hat och déi national Klimapolitik kritiséiert, well déi sëllech Subventiounen net u konkret CO2-Reduktiounszieler gebonnen sinn. Däer Kritik wier d’Regierung schon deels gerecht ginn ier de Rapport firlouch, sou de Camille Gira: mat der Decisioun vum nächste Joer un de Kaaf vun méi ëmweltfrëndleche Autoen net méi finanziell z’ënnerstëtzen.

Weider Aussoen vum Camille Gira iwwert de Klimaschutz hei am Land:

 

Deen am Koalitiounsaccord annoncéierte Projet vun enger Klimabank soll am Logementsministère preparéiert ginn, sou de Camille Gira:

 

D'Regierung wëll d'Subventiounen am Ëmweltberäich méi kohärent maachen: de Staat soll net gläichzäiteg klimaschounend an an klimaschiedlech Aktivitéiten finanzéieren, sou de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère. Eng ecologesch Steierreform ass - wéi och am Koalitiounsaccord - net firgesinn:

 

Wéivill manner klimaschiedlech Gasen Lëtzebuerg bis Enn vun der Legislaturperiod emettéiert, dozou wollt de Camille Gira keng genee Ausso maachen:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen