Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Klimabonus": staatlech Hëllefe fir eneierbar Energien am Logement

Subsiden

"Klimabonus": staatlech Hëllefe fir eneierbar Energien am Logement

D'Gesetz fir déi staatlech Hëllefe fir déi rationell Energienotzung an déi erneierbar Energien am Beräich Logement war viru gutt engem Mount - de 7. Abrëll - ofgeännert ginn: déi dräi gréng Ministere Joëlle Welfring, Henri Kox a Claude Turmes hunn Detailer vum staatleche Fërderprogramm virun der Press presentéiert: ee Programm, deen elo ënnert dem Numm "Klimabonus" leeft.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Nei ass, datt et elo och méiglech ass finanziell Hëllefen ze kréie, wann eng energetesch Sanéierung vun nëmmen engem Deel vum Gebai gemaach gëtt, z.B. vum Daach, erkläert déi nei Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

Et wier elo och méiglech eenzel Baudeeler thermesch ze isoléieren an dofir eng Aide ze kréien.

Isolatiounsmaterialien op Basis vu fossiller Energie solle vum 1.1.2024 un iwwerdeems am Prinzip net méi ënnerstëtzt ginn.

Bei der Installatioun vun enger Photovoltaikanlag ass nei, datt de Staat - ënner Konditiounen - d'Hallschent vun de Käschte bäileet, erkläert den Energieminister Claude Turmes:

"Mir ginn an dësem Klimabonus erop op 50 Prozent Investmenthëllef, wann s de de Stroum quasi bei dir selwer notzt."

Stéit mat engem manner héijen Akommes kënne beim Logementsministère eng Verdueblung vun hire Klimabonus-Hëllefen ufroen: dat fir Energie-Aarmut ze vermeiden, esou de Minister Henri Kox. Klimapolitik misst deemno och "ganz konkret" Sozialpolitik sinn.

Energietransitioun als "Schësselsujet"

D'Handwierkerkammer géif de Programm Klimabonus - virun allem am Beräich Wunnen - begréissen, huet de President Tom Oberweis bei der Presentatioun ënnerstrach.

D'Handwierk wier prett, seng Roll an dësem Beräich ze spillen: d'Aktualitéit géif ëmmer méi beweisen, datt d'Energietransitioun ee wichtege Sujet wier fir d'Land nohalteg ze entwéckelen.

Méi Detailer zum ganze Programm Klimabonus sinn online ze fannen. Donieft gi bis Mëtt Juli Informatiouns-Versammlunge vun de Ministere Joëlle Welfring a Claude Turmes uechtert d'Land organiséiert.