"Happy to see you again" steet um groussen LED-Bildschierm am Agang vum Kinepolis um Kierchbierg. D'Kinoen uechter d'Land ware sech eens gi fir dëse Mëttwoch nees hir Dieren opzemaachen. Dat gëllt och fir de Ciné Scala zu Dikrech. Eng Kees ass op, soss ass et awer zimmlech roueg. Den Dikrecher Kino, dee virun der Coronavirus-Pandemie ronn 2.200 Visiteure pro Woch gezielt huet, mécht nach keng genee Prognose mat wéi vill Leit een dann elo an enger éischter Phas rechnen kann. De Pedro Ferreira, Mataarbechter vum Ciné Scala:
"Eis Plaze sinn immens limitéiert, well mir iwwerall den Ofstand vun zwee Meter mussen halen. Dat heescht an engem Sall, wou normalerweis 100 Leit géifen eragoen, hu mir der elo maximum 20-25."
Natierlech misst ee sech trotz der Reouverture nach ëmmer un déi generell Sécherheetsmoossnamen halen. D'Gelänneren an Diere gi reegelméisseg desinfizéiert. De Mask ass Flicht bis een op senger Plaz sëtzt. Well déi gutt Filmer verréckelt goufen, géif een d'Kinossäll awer souwisou net ganz voll kréien, seet de Pedro Ferreira.
D'Virfreed bei verschiddene Visiteure war grouss, trotz den Hygiènesmesuren. De Charme vum traditionellen Kinosbesuch ass eben och an Zäiten vu Corona mat näischt ze vergläichen.