Datt vill Leit sech keng Wunneng oder e Loyer zu de Marchéspräisser leeschte kënne wier eng Realitéit, mee fir de Kierchefong wier et elo mol déi éischt Prioritéit, datt all d'Kierchefabricke finanziell an den Equiliber géife kommen.
"An da kann een iwwerleeën, wéi mer da weiderfueren. Dann hu mer erëm vill Optiounen, mee eist éischt Zil ass am Moment den Equiliber ze areechen."
Fir deen Equiliber ze erreesche misst de Kierchefong Defiziter, déi fréier vun de Gemenge iwwerholl goufen, elo selwer bezuelen, esou d'Marianne Bausch. Si betount awer, et wier awer scho vill Progrès gemaach ginn. An de Kierchefong wéilt Mëtt d'nächst Joer genee Budgetszuelen ëffentlech presentéieren.