Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënschtlech Insele virun Dänemark

Erneierbar Energie

Kënschtlech Insele virun Dänemark

Fir eppes iwwer 28 Milliarden Euro wëllt Dänemark kënschtlech Inselen an der Nordsee bauen. Do soll Energie aus sougenannten Offshore-Anlage gespäichert a weidergeleet ginn. Lëtzebuerg weist sech um Projet interesséiert a wëllt sech bedeelegen.

auto_stories

3 min

Lëtzebuerg huet e Problem mam Undeel u selwer produzéierter erneierbarer Energie. Eigentlech sollt eist Land bis 2020 en Taux vun eelef Prozent erreechen, bis 2030 sollen et souguer 25 Prozent sinn. Well gutt Standuerter fir Wandmille limitéiert sinn, gëtt virleefeg emol op den Ausbau vun der Photovoltaik gesat. D'Iddi vun der Participatioun un enger Energieinsel an der Nordsee wier dem Energieminister Claude Turmes deemno eng gutt Geleeënheet:

D'Zil vun 2020 géif een erreechen, et hätt een ongeféier 10 Prozent vum Stroum, deen a Lëtzebuerg produzéiert gëtt, an ee Prozent géif a Kooperatioun mat Litauen an Estland entstoen. Fir 2030 geet de Claude Turmes dovunner aus, datt ee 17-18 Prozent, vläicht souguer 20 Prozent zu Lëtzebuerg ka produzéiert ginn. Fir déi aner fënnef bis aacht Prozent géifen een iwwer de Wee vun enger Kooperatioun goen, wéi kënschtlech Insele virun Dänemark.

Lëtzebuerg bedeelegt sech

Konkret wëllt Dänemark virun der eegener Küst an der Nordsee eng kënschtlech Insel bauen, déi dann iwwer Elektrokabel mat e puer europäesche Staate verbonne gëtt. Op der Insel selwer gëtt also kee Stroum hiergestallt, déi soll haaptsächlech als Basis fir Maintenanceaarbechten um Wandpark, als Verdeelerstatioun an als Produktiounsplaz vu gréngem Waasserstoff genotzt ginn. Si gëtt zu 51 Prozent vum dänesche Staat finanzéiert, de Rescht wäert vu privaten Entreprisë gehale ginn.

Nodeems d'Insel gebaut ass soll et eng grouss Ausschreiwung gi fir "am grousse Stil" Offshore-Wandanlagen ze bauen. Lëtzebuerg wëllt sech un dëser Ausschreiwung bedeelegen, seet de Claude Turmes:

"Konkret Beispill: Sou Anlagen dat sinn, komm mir soen 1.500 Megawatt, an da géife mir als Lëtzebuerg 5 oder 10 Prozent vun esou enger Ausschreiwung mat maachen, an da kënne mir eis deen erneierbare Stroum urechne loossen op eist erneierbaart Zil. "

De Claude Turmes erwaart sech awer net nëmmen en ökologesche Bonus, scho bei der Ausschreiwung fir de Bau vun der Insel kéint lëtzebuergeschen Technologie-Knowhow zum Zoch kommen. Zu Lëtzebuerg géifen et Investmentfongen, d'Europäesch Investmentbank oder och spezialiséiert Firme ginn, déi scho kënschtlech Insele gebaut hunn.

Ee Prestigeobjet

Sollt de Projet an der aktueller Form realiséiert gi wier et fir Dänemark dee gréisste Chantier an der Geschicht mat engem Gesamtinvest an Héicht vun iwwer 28 Milliarden Euro. Nach awer ass net kloer, wéini de Projet soll realiséiert ginn, mat Lëtzebuerg besteet elo mol en Preaccord tëscht béiden Energieminister.

Dänemark selwer iwwerdeems gesäit ganz grouss, mat enger Kapazitéit, déi um Enn ob zéng Gigawatt soll klammen an dann 10 Millioune Stéit an Europa mat Energie ka versuergen. E Prestigeobjet fir zukünfteg Energiesystemer ass de Projet, wann en da bis realiséiert ass, sou oder sou.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.