Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng sou einfach Affär"

Verfassungsrevisioun

"Keng sou einfach Affär"

"Och an der Demokratescher Partei si ganz vill Leit, déi um Referendum hänken", seet d'Simone Beissel. Et géif si wonneren, wann d'DP vum Referendum iwwer den Text vun der geplangter neier Verfassung géif ofgesinn. Grad wéi den LSAP-Verfassungsexpert Alex Bodry hält och d'DP-Deputéiert et fir realistesch, datt déi geplangten nei Verfassung fréistens 2020 kann a Kraaft trieden.

auto_stories

2 min

Simone Beissel (Foto: Archiv)

Wann e Referendum iwwer de kompletten Text vum neie Grondgesetz gemaach gëtt - sou wéi et virgesinn ass - da misst dëse Referendum ganz anescht virbereet ginn, wéi dee vun 2015, seet d'DP-Deputéiert Simone Beissel. D'Leit misste ganz genee erkläert kréien, wourëm et geet, fir datt si Loscht kréiche fir matzemaachen a fir datt si verstinn, wouriwwer si ofstëmmen.

D'Populatioun misst minimum sechs Méint laang informéiert ginn, "datt mir eng Chance hunn, esou e Referendum duerchzekréien", seet d'Simone Beissel. D'Leit missten zu iwwer 140 Artikelen "jo soen", dat wier "keng sou einfach Affär".

D'Suerg wier ëmmer, datt Leit wéinst Oppositioun zu engem Artikel vun der geplangter neier Verfassung, beim Referendum mat "nee" géife stëmmen. Doduerch kéint d'Ëmsetzung vum ganzen neie Grondgesetz net geléngen. An dat géif hir Leed doen, well schonn zanter Joren doru geschafft gëtt, sou d'Simone Beissel.

"Breede politesche Konsens néideg"

Geplangt wier, fir an der zoustänneger Chamberkommissioun e Schlussrapport auszeschaffen. Wann no de Chamberwahlen eng aner Majoritéit géif kommen, da géif et de Risiko ginn, datt eenzel Artikelen am Text ëmgeännert géife ginn.

Si géif dat bedaueren, well d'Parteien dann erëm géife riskéieren an een "Hin-an-Hier-Zéien" ze falen. Fir d'Reform vun der Verfassung ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, "a wann dann ee motzt, da kréie mir deen Artikel net duerch". Doduerch géif ee riskéieren, déi ganz Verfassung net stëmmen ze kënnen. Et géif ëm d'Grondgesetz vu Lëtzebuerg goen, an dofir bräicht een e breede Konsens vun all de Parteien. Et wier am Interêt vum ganze Land, fir den Text "duerchzekréien".

Wäert et nach dës Legislatur-Period een Accord mat der CSV-Fraktioun fir e gemeinsamen Text ginn? Den CSV-Deputéierte Léon Gloden wier an der Chamberkommissioun ganz konstruktiv a géif ganz gutt géif matschaffen, seet d'DP-Deputéiert Simone Beissel.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow