Keng obligatoresch Declaratioun iwwert d’Niewen-Verdéngschter vun de Volleksvertrieder am Deontologie-Codex

Den zukünftegen Deontologie-Codex fir Deputéierte gesäit keng obligatoresch Declaratioun iwwert d’Niewen-Verdéngschter vun de Volleksvertrieder vir. Dat géing an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg zu ze vill Virwëtz féieren. Dat sot eis gëschter de President vun der Chamber-Kommissioun “Institutiounen a Verfassung’s-Revisioun, de LSAP-Fraktioun’s-Chef, Alex Bodry. D’Aarbechten um Code de Deontologie sinn ofgeschloss an de Projet de Loi kéint nach virun der Summer-Paus gestëmmt ginn. Duerch dee proposéierte Codex sollen d’Volleksvertrieder an Zukunft Hëllef kréien, wann se an eng Situatioun vun Interessen-Konflikter kommen. Zum Beispill d’Unhuele vu Cadeauen, souwéi den Afloss vu Lobby-Gruppe sollen duerch de neie Code de Deontologie kloer reglementéiert ginn. Bei Onkloerheet kënnen d’Députéiert eng consultativ Kommissioun mat Experte consultéieren.

De ganzen Interview vum Simon Larosche mam Alex Bodry:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen