Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung

VERFASSUNGSREFORM

Keng komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung

An déi geplangte moderniséiert Verfassung wäert keng komplett Onofhängegkeet vum Parquet stoe kommen. Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet um Dënschdeg de Bréif un de Staatsrot gutt geheescht.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An déi geplangte moderniséiert Verfassung wäert keng komplett Onofhängegkeet vum Parquet stoe kommen.

Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet mat de Stëmme vun den dräi Majoritéitsparteien a vun der CSV gëschter de Bréif un de Staatsrot gutt geheescht, mat Amendementer zum Justizkapitel vum Grondgesetz. D'ADR an déi Lénk hu sech enthal.

Et wier virgesinn, datt eng Independante vum Parquet bei den individuelle Recherchen a Poursuitte soll garantéiert ginn, esou de Kommissiounspresident Mars Di Bartolomeo (LSAP). D'Regierung soll awer d'Recht op Richtlinnen an der Politique pénale behalen.

No zum Deel kriteschen Avisen, wier elo zeréck behal ginn, datt e "plus ou moins" op den initiale Virschlag aus dem Text fir eng komplett nei Verfassung zeréck geet, erkläert de Rapporter vum Justizkapitel, Léon Gloden.

D'Onofhängegkeet, déi de Parquet bräicht fir seng Missiounen auszefëlle wier komplett garantéiert:

"D'Opportunité des Poursuites spillt weiderhin a mir gesi kee Risiko, datt do eng Politiséierung vum Parquet statt fënnt, déi jo och bis elo net statt fonnt huet."

Den CSV-Deputéierten ass der Meenung, datt d'Formuléierung, wéi se fest gehale gouf, de Kriticke vum Staatsrot aus dem leschten November Rechnung dréit.

Ministerin begréisst Formuléierung

D'Justizministerin Sam Tanson begréisst d'Formuléierung, wéi déi zoustänneg Chamberkommissioun se gëschter festgehal huet.

"Ech si wierklech frou iwwer d'Resultat", esou d'Sam Tanson haut am 100,7-Interview. Et wier wierklech een Equiliber tëschent deene verschiddene Positioun an et géif dem Parquet erlabe seng Aarbecht a grousser Onofhängegkeet weider ze maachen, och wann d'Regierung generell Instruktioune soll kënne ginn; dat wier keng direkt Weisungsgewalt, esou d'Ministerin. Et géif dorëm goen, datt d'Regierung grouss Linne soll kënne festhalen, an dat géif si net problematesch fannen.