Eng allgemeng Maskeflicht an de Schoulen hält de Minister am Moment net fir néideg: et géifen zwar Infektiounen an de Schoule ginn, mee d'Mesuren en place, wéi zum Beispill d'Quarantän an d'Tester, géifen den Ament duergoen. De Claude Meisch gesäit deemno "kee Grond" fir eng Maskeflicht anzeféieren.
Den Educatiounsminister huet awer ugedeit, datt d'Regierung am Laf vum Dag méi streng sanitär Mesurë fir aner Gesellschaftsberäicher kéint annoncéieren.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet ugedeit, datt d'Regierung haut zousätzlech Mesurë wéilt huele fir ze evitéieren, datt de Gesondheetssystem iwwerlaascht gëtt, an datt Leit mat anere Krankheeten net méi kéinte behandelt ginn.