Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Argument géint Wunngemeinschaften an Ee-Familljen-Haiser

Logementsminister

Keen Argument géint Wunngemeinschaften an Ee-Familljen-Haiser

U sech gëtt et keen Argument géint Wunngemeinschaften an Ee-Familljen-Haiser, seet de Logements-Minister Henri Kox. Et wier kloer, datt de Loyer an der Zomm bei e puer Locatairen net méi héich dierft sinn, wéi wann d'Haus als e Ganzt géif verlount ginn. Wat d'Krittären ubelaangt, deene WG-Zëmmere musse gerecht ginn, géif e Gesetz vum leschten Dezember genuch Garantië ginn, sou den Henri Kox.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
De Logementsminister Herni Kox

Mat de klassesche "Chambres à café" wieren um Ufank Abusë bedriwwe ginn. Dofir war och en Aarbechtsgrupp mat verschiddene Stied an d'Liewe geruff ginn, ënner anerem mat der Stad Lëtzebuerg, Esch, Déifferdeng.

Dat entspriechend Gesetz wier d'lescht Joer a Kraaft getrueden a soll ënner anerem Froe vun der Hygiène an der Salubritéit reegelen. De Buergermeeschter kritt domat och déi néideg Befugnisser, fir Kontrollen duerchzeféieren, sou den Henri Kox. E kann och d'Santé an d'Police froe fir bei der Kontroll dobäi ze sinn, fir déi néideg Moossnamen och kënnen ëmzesetzen. D'Gesetz wier am Prinzip relativ kloer, sou de Logementsminister.

"Wéi vill Persounen dierfe maximal an engem Zëmmer wunnen? Wat ass mam Gemeinschaftsraum? Dat heescht, fir eis ginn et genuch Moyene fir ze intervenéieren. Well wann ee sou Zëmmer wëllt ubidden, da muss een de Buergermeeschter informéieren. An de Buergermeeschter huet d'Méiglechkeet ze kucken, ob eng Sécherheetsdier do ass, eng Fluchtméiglechkeet. A wann dat net de Fall ass, kann en dat souguer verlaangen. Respektiv och zoumaachen, an da ginn déi Leit och relogéiert op Käschte vum Proprietär."

Reform vum Loyersgesetz a Pacte Logement 2.0 ginn demnächst deposéiert

De Logementminister wäert nach am Summer d'Reform vum Loyersgesetz an de Pacte Logement 2.0 an der Chamber deposéieren. Mat deenen zwee Texter wier hien "op der leschter Ligne droite" sou den Henri Kox. Am Géigesaz zum éischte Pacte Logement, mat deem d'Gemenge virun allem encouragéiert gi sinn, ze wuessen, soll deen neie Pacte si motivéieren, abordabele Wunnraum ze schafen. An am neie Bail-à-loyer-Gesetz gi virun allem déi fënnef Prozent vum capital investi präziséiert, opgrond vun deenen de maximale Loyer ausgerechent gëtt. De Joresloyer dierf dobäi net méi héich si wéi fënnef Prozent vum capital investi.

D'Lag vum Immeubel géif an Zukunft keng Roll méi spillen, de Proprietär géif fënnef Prozent Rendement garantéiert kréien. "An dat gëllt fir mech egal wou, an et ass net de Marché deen dat kann dirigéieren", sou de Logementsminister.

"Wat heescht dat fir d'Gebailechkeet selwer? Dat huet jo och eng Décote, also et hëlt jo of mam Alter, dat muss een och berécksiichtegen. An dann ass och den Terrain, dee muss spezifizéiert ginn. Wéini ass den Terrain kaaft ginn? Dat ass dee Moment wou d'Kapital vum Investisseur jo erakomm ass, an dat ass gereegelt ginn, sou datt mer mengen, datt d'Präisser net iwwerdriwwe ginn."

De System soll fir jiddwereen novollzéibar sinn an dono och vun de verschiddenen Acteure bei enger Loyer-Kommissioun ageklot kënne ginn, sou den Henri Kox.