Schonn um Ufank vum Sommet huet déi däitsch Bundeskanzlerin d'Erwaardungen erofgedréckt. "Es könnte sein, dass wir heute keine Lösung finden", sot d'Kanzlerin, wéi si zu Bréissel ukoum. Um zwou Auer an der Nuecht dunn d'Gewëssheet: Och stonnelaang Diskussiounen hu kee Resultat bruecht.
Keng Majoritéit fir ee Kandidat
Esouwuel den Däitsche Manfred Weber vun der Europäescher Vollekspartei, wéi de Frans Timmermans vun de Sozialisten an och d'Margrethe Vestager vun de Liberale kréie bis elo eng Majoritéit.
D'EU-Staats- a Regierungscheffe sollen an enger Woch nach eng Kéier zesummekommen. An der Tëschenzäit soll de Conseilspresident Donald Tusk weider Gespréicher féieren, och am Europaparlament.
Klimaschutz mat engem Bemol
De Kampf géint de Klimawandel war ee weidere Sujeten iwwer dee laang diskutéiert gouf. D'EU ass sech hei net eens ginn iwwer eng Echeance fir eng klimaneutral Wirtschaft an der Europäescher Unioun.
D'Majoritéit vun de Memberlänner war zwar dofir festzehalen, datt d'EU bis 2050 klimaneutral soll sinn. Dräi Länner awer - nämlech Polen, Ungarn, an Tschechien - waren dogéint. Dat gouf um Enn an enger Foussnout esou festgehalen. Hie wier enttäuscht iwwer dat Resultat, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nom Sommet.
Eestëmmegkeet net opginn
Allerdéngs war hien och net bereet, d'Eestëmmegkeet opzegi fir zu enger Decisioun ze kommen. Dat wier net am Interêt vu Lëtzebuerg, sou de Premier: "D'Eestëmmegkeet opzeginn, well mir den heite Punkt net duerchkruten, kann och nees ee Bumerang sinn, wa Lëtzebuerg eng Kéier op eemol eleng géif do stoen."
Déi Gréng a Klimaschutz-ONGen hu gëschter Owend direkt reagéiert. Et wier eng Schan, datt ee sech net eens konnt ginn, gëtt déi Gréng Spëtzekandidatin Ska Keller an engem Communiqué zitéiert. D'EU géif domat Dausende vun Demonstranten ignoréieren.