Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seed To Tree - Rip-Off Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kee Sträit iwwer Ungarn, awer vläicht iwwer Energiepräisser

EU-SOMMET

Kee Sträit iwwer Ungarn, awer vläicht iwwer Energiepräisser

Well d'Energieministere sech net eens goufen iwwer ee System fir eng Deckelung vum Gaspräis, kéint dee Sujet um EU-Sommet zur Sprooch kommen. Et wier éischter den Dossier vun den Energieministeren, seet de Xavier Bettel.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ee grousse potentielle Sträitpunkt gouf virum EU-Sommet evakuéiert. D'Länner ware sech nämlech am Virfeld eens ginn, datt Ungarn EU-Sue gestrach krit, well et sech net un d'Konditioune vum Rechtsstaat hält. Eng Première an der EU.

D'Decisioun stoung awer op der Kipp, sou de Lëtzebuerger Premier. "Den Här Orbán huet gepokert - et ass net opgaangen". De Xavier Bettel huet d'Resultat begréisst: "Mir hun dès le début d'Kommissioun ënnerstëtzt bei hire Mesuren".

Deen zweete Sträitpunkt, dee vun enger Deckelung vun den Energiepräisser, ass nach net geléist.

Energieministere goufe sech virum Sommet net eens

D'Energieministere goufe sech nämlech en Dënschdeg net eens, am Fong sollt dee Sujet net Dësch vun de Staats- a Regierungscheffe landen. Ausgeschloss ass dat awer net, seet de Xavier Bettel:

"Ech gesi scho kommen, datt et awer laang Diskussioune gëtt, fir dann dono ze soen, datt d'Energieministere sollen eng Léisung fannen."

Et wier och hir Aufgab an net déi vun de Staats- a Regierungscheffen dat ze maachen, sou d'Meenung vum Premier.

EU-USA: Divergenzen an der Energiekris

Um Sommet wäert et vill ëm déi transatlantesch Relatioune goen. D'USA hunn hirer Industrie mam sougenannten "Inflation Reduction Act" schwéier Subside versprach. An der EU gëtt deels no enger staarker Äntwert dorop gefrot. Doriwwer, wéi déi soll ausgesinn, ginn d'Meenunge bis elo auserneen, seet de Xavier Bettel:

"Mir musse kucken, datt eis Ekonomie, déi schonn ënner der Inflatioun leit, elo net duebel leit."

D'USA an och Norwege wieren Alliéiert, dowéinst kéint ee si froen, ob si beim Gas, dee si an d'EU liwweren, net een Effort um Niveau vum Präis kënne maachen. Et wier allerdéngs net un him, déi Demande ze maachen, seet de Xavier Bettel.