Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee Sënn fir ze wielen"

Wahlkampf USA

"Kee Sënn fir ze wielen"

Kuerz virun der Presidentschaftswahl an den USA an der Nuecht vum 8. op de 9. November probéieren d'Kandidaten an hir berühmtst Supporter, Wieler ze mobiliséieren. Dëst besonnesch an deene Staaten, an deenen d'Wahl sech entscheede wäert, de sougenannte Swing States. D'Campagne vun der Hillary Clinton huet d'lescht Woch hire bekanntste Supporter an North Carolina geschéckt, den US-President Barack Obama, fir déi afro-amerikanesch Wieler ze beweege wielen ze goen.

auto_stories

2 min

De Barack Obama um Campus vun der Fayetteville State University.

Den US-President Barack Obama war viru kuerzem um Campus vun der Fayetteville State University an North Carolina. Dëst, fir déi afro-amerikanesch Wielerschaft ze mobiliséieren, déi hie bei de Wahlen an de Joren 2008 an 2012 ënnerstëtzt huet. Schwaarz Amerikaner wiele kaum fir den Donald Trump. Mee éischt Statistiken am Staat North Carolina weisen, dat déi meescht net motivéiert sinn, fir iwwerhaapt wielen ze goen.

Am Sall, der Basket-Arena vum Campus, si bal nëmmen Afro-Amerikaner am Public. D'Angscht virun enger Victoire vum Republikaner Donald Trump ass ze spieren a fir déi ze verhënneren, probéiert de Barack Obama seng Supporter an de Wahlbureau ze schécken. An North Carolina kann een nämlech scho virum 8. November wielen. "Ee Wahlbüro ass net wäit vun hei. Dir musst just iwwer d'Strooss trëppelen."

Am Public si virun allem Afro-Amerikaner

Wéineg Enthusiasmus

Virun dësem Wahlbüro mécht den Deonshay Lee Sondagë mat de Leit, déi grad gewielt hunn. Hien erzielt, vill schwaarz Amerikaner wieren enttäuscht. Si hätten d'Gefill, datt egal wat fir ee Vote si géifen ofginn, villes géint si wäert lafen. "Vill Léit gesinn de Sënn net, fir ze wielen. Si mengen, datt dës Wahl manipuléiert ass an den Donald Trump souwéisou gewanne wäert." D'Leonie France huet eng ähnlech Meenung. Fir si ass d'Wahl déi schlëmmst, déi si erlieft huet zënter deem si wiele geet. "Ech wëll just, datt et eriwwer ass. Dës Wahl huet déi schlëmmst Säit vun de Leit gewisen."

Am Wahlbüro steet de Brendon McQueen bei enger vun enger gudder Dosen elektronesche Wahlmaschinnen. Hien ass jonk, schwaarz, huet Dreadlocks an dréit en T-Shirt op deem steet "Black Lives Matter", Schwaarz Liewen zielen. Hien ass genee dee Wieler, deen d'Hillary Clinton brauch. De Brendon McQueen erzielt, hien hätt zwar fir d'Demokratin gewielt, mee ouni vill Enthusiasmus. Hien hätt léiwer nach emol fir de Barack Obama gewielt. De President hätt seng Saach gutt gemaach, esou de jonke Mann. Mee, "ech mengen datt d'Hillary de Rôle wäert iwwerhuelen an d'Saachen ähnlech maachen."

Den Enthusiasmus, dee schéngt een éischter op engem Rallye vum republikanesche Kandidat Donald Trump ze fannen. Een Dag virun der Visite vum Barack Obama op der Uni hu sech eng 17.500 Leit an engem ländlechen Deel vun North Carolina versammelt. Ënnert hinnen, bal nëmme wäiss Amerikaner. Si sinn iwwerzeegt, datt si just nach e puer Stonne musse waarden, bis d'Victoire vum Donald Trump confirméiert gëtt. Trotz Sondagen, déi weiderhin der Hillary Clinton en Avantage ginn.