Käschte vun der Banke-Reguléierung

Déi zousätzlech Reguléierung vum Finanzsecteur huet eleng d’läscht Joer de Finanzinstituter zu Lëtzebuerg 380 Milliounen Euro kascht. Dat ass d’Schätzung déi aus enger Etude ervirgeet, déi d’Bankenassociatioun ABBL an d’Consultingfirma “Ernst and Young” gemaach hunn. Déi nei Reegelen um Niveau vun den Taxen, vun de Fongen, vun de Transaktiounen, vun de Marchéen oder nach vun der “prudentieller Iwwerwaachung”, hätten d’Finanzinstituter och gezwongen hiert Personal ëm 9 Prozent ze verstäerken.

Obwuel d’nächst Joer nach weider Reegele bäikommen, wéi den automateschen Informatiounsaustausch oder nach d’Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektive (fir nëmmen zwou nei Reguléirungen ze nennen), geet den ABBL-Direkter Serge de Cillia net dovunner aus, datt d’Finanzplaz wäert ofbauen. Hie warnt awer, datt d’Banken och wéinst dem niddregen Zënstaux ëmmer méi Schwieregkeeten hunn hier Margen ze maachen.

De ganzen Interview vum François Aulner mam Serge de Cillia:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen