Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Child Of Lov - Give Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann/Muss et ee Fräisproch ginn?

LuxLeaks-Prozess

Kann/Muss et ee Fräisproch ginn?

Déi ugeklote fréier Mataarbechter vu PWC wiere keng Whistleblower, virum Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht kréiche si Problemer, sou de Maître Pol Urbany. Antoine Deltour a Raphael Halet wiere wuel “lanceurs d’alerte”, fënnt de Justin Turpel. D’Praxis vun de Steierrulingen zu Lëtzebuerg hätt géint d’Verfassung an EU-Recht verstouss.

auto_stories

7 min

Justin Turpel a Pol Urbany

Waren d’Steierrulingen iwwerhaapt legal, wéi Antoine Deltour a Raphaël Halet se un de Journalist Edouard Perrin weiderginn haten ? An der Emissioun Riicht eraus sot de Maître Pol Urbany:

  • d’Rulinge wieren “absolut legal” respektiv “am Kontext vum Gesamtgesetz net illegal” gewiescht;

  • virum Verwaltungsgeriicht hätt kee geklot, besonnesch keng “Konkurrenzfirmaen, déi net vun deenen Avantage géife profitéieren”;

  • am EU-Recht hätt keng Dispositioun d’Rulingen u sech verbueden;

  • bei méigleche Fäll vun illegale Staatshëllefe wier een net “am Illegalitéitsberäich".

De Justin Turpel, fréieren Deputéierten (Déi Lénk) a Member vum Solidaritéitskomité fir déi Ugekloten am LuxLeaks-Prozess, sot:

  • D’Steiergesetz, dat den däitsche Besatzer während dem Krich imposéiert hat (Abgabenordnung) a bäibehale ginn ass, wier u sech schonn ëmstridden;

  • de Prozess hätt a Bezuch op d’Rulinge gewisen, datt d’Steierverwaltung “guer net d’Moyenen hat fir dat ze kontrolléieren”;

  • d’Lëtzebuerger Praxis vun de Steierrulingen hätt géint d’Verfassung verstouss, andeems se iwwert eng Circulaire amplaz vun engem Gesetz geregelt war (Art. 99) a se Entreprisen iwwer ganz niddreg Steiersätz een illegale Privileg accordéiert hätt (Art. 101);

  • Lëtzebuerg hätt net automatesch Steierrulinge mat aneren EU-Memberstaaten ausgetosch, wéi dat an enger Direktiv vun 1977 virgesi war.

Sinn Deltour an HaletWhistleblower”?

Fir de Maître Pol Urbany kënnen déi fréier Mataarbechter vu PricewaterhouseCoopers de Statut vum “lanceur d’alerte” net fir sech an Usproch huelen:

  • ob d’Steierrulinge gutt sinn oder net, wier eng politesch Diskussioun, déi een net mat alle Mëttele kéint lancéieren;

  • virum Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht hätt bis elo kee Recht kritt, deen Dokumenter geklaut oder se an iergend enger Form kopéiert huet;

  • “den intérêt général’ justifiéiert net ee massiivt Agräifen a privat Rechter, déi d’Mënscherechtskonventioun eis garantéiert”;

  • geschützten Informatiounen iwwer Mëssstänn kéint een nëmmen dann un d’Ëffentlechkeet (d'Press) weiderginn, wann ee se virdru bei all den anere méiglechen Instanze versicht huet ze mellen, also betribsintern, beim Parquet, bei engem EU-Deputéierten;

  • als “Whistleblowerdierft een net aus perséinleche Grënn handelen, dat heescht aus Feindschaft, fir sech en eegene Virdeel (den Antoine Deltour sot am Prozess, hien hätt Formatiounsdokumenter wéilte kopéieren) oder finanzielle Gewënn ze verschafen; den Deltour hätt Uganks net gewosst, wat mat den Dokumenter maachen;

  • dausenden Dokumenter kopéieren, wéi den Antoine Deltour dat gemaach hat, wier disproportionnéiert.

Fir de Justin Turpel sinn Deltour an HaletWhistleblower”:

  • an hirem Fall hätt et näischt bruecht, Mëssstänn intern ze mellen;

  • den ëffentlechen Interessi vun de Revelatioune wier onëmstridden;

  • d’Intentioun war ganz kloer: et goung ëm d’Denunzéiere vun enger Praxis, déi [den Antoine Deltour] net wëll”;

  • de Statut vum “lanceur d’alerte” wier permanent an der Entwécklung;

  • d’Steiergeheimnis géif duerchaus en Ënnerscheed maachen tëschent dem eenzele Bierger an de multinationale Konzerner, wou Transparenz néideg wier;

  • zu Stroossbuerg wieren et schonn ähnlech Fäll ginn.

De Fall vum Journalist Perrin

Fir de Maître Urbany wier den Edouard Perrin an enger “delikater” Situatioun gewiescht. “Wann e mierkt, datt déi Dokumenter, déi e kritt, geklaut sinn, muss e sech iwwerleeë wat e selwer domadder ufänkt”. Hei géif sech d’Fro vun der Responsabilitéit vum Journalist stellen.

Dem Justin Turpel no huet den Edouard Perrin seng Aarbecht gemaach. Aussoen, déi de Journalist belaascht haten, hätt den Ugeklote Raphaël Halet “integral” viru Geriicht zeréck gezunn. De fréiere PWC-Mataarbechter hätt bei sengem Verhéier “Schutzbehaaptunge” gemaach fir net mussen zéng Milliounen € ze bezuelen, déi säi Patron via ee geheimen Accord hätt kéinte vun him fuerderen.