Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Syl Johnson - Don't Do It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann d'MotoGP sech aus der spuenescher Mainmise befreien?

Sport Aktuell

Kann d'MotoGP sech aus der spuenescher Mainmise befreien?

Spuenien dominéiert d'Kinneksklass bei de Motoe wéi keng aner Natioun. Dëst Joer kéint dat awer änneren. No den zwou éischte Coursse féiert, ganz ongewinnt, kee Spuenier de WM-Klassement un, mee mam Johann Zarco op Ducati e Fransous.

auto_stories

2 min

Wien dat lescht Joerzéngt d'Kinneksklass am Motorrad-Sport gekuckt huet, konnt d'Impressioun kréien, datt keen de Spuenier oder de Katalane kéint d'Waasser reechen - wann et net e bestëmmte Jorge Lorenzo war, dee gewonnen huet, da war et de Marc Marquez. An d'lescht Joer, wéi dëse Marc Marquez direkt an där éischter Course schwéier-blesséiert gouf an ausgefall ass, huet mam Joan Mir trotzdeem e Spuenier gewonnen.

Dobäi muss ee soen, datt dat südeuropäescht Land e besonnesch Motorrad-verrécktent Land ass, dat mierkt een och um Fait, datt all Joer véier Grand-Prixen a Spuenie sinn, wärend an anere Länner just ee gefuer gëtt. Dat ka vläicht och eppes domat ze dinn hunn, datt d'Firma Dorna Sports, déi de MotoGp organiséiert, eng spuenesch Firma mat Sëtz zu Madrid ass.

Corona-Pandemie hat e groussen Impakt

An normalen Zäite waren d'Prioritéite fir Dorna Sports mat der Formel 1 dofir ze suergen, datt hir jeeweileg Courssen sech net iwwerschneiden oder generell ze kucken, datt d'Rechter fir d'MotoGP an och déi zwou Klassen drënner esou gutt wéi méiglech an der Welt verkaf ginn.

Mee zanter dem Ufank vun der Covid-Kris geet et fir d'Firma virun allem mol drëm, iwwerhaapt e Championnat kënnen ze organiséieren. Och fir d'Saison 2021 huet vill missten ëmprogramméiert ginn. Fir de Saison-Optakt goufen direkt zwou Courssen am Katar organiséiert, op där selwechter Streck.

Dee beléifte Grand-Prix vu Brno an der tschechescher Republik ass fir d'éischte Kéier zanter 1992 net am Kalenner, an um amerikanesche Kontinent wäert dës Saison wuel keng MotoGp-Course sinn, nodeems Argentinien an d'USA wéinst der Covid-Situatioun bei hinnen ofgesot hunn.

No den zwou éischte Coursse féiert, ganz ongewinnt, kee Spuenier de WM-Klassement un, mee mam Johann Zarco op Ducati e Fransous. An op Plaz zwee e Landsmann: de Fabio Quartaro op Yamaha. Mee virun e puer Deeg huet de Spuenier Marc Marquez annoncéiert, datt hien dëse Weekend, beim Grousse Präis vu Portugal, säi Comeback wäert feieren. Den Honda-Pilot wëllt dat verluerent Joer 2020 erfollegräich hanner sech bréngen. Fir déi aner Piloten an der MotoGp ass dat keng gutt Nouvelle.