Kandidaten a Wieler, strengt Iech un

D’Chamber gëtt haut opgeléist, dat am Virfeld vun de virgezunne Wahlen vum 20ten Oktober. Op eis kommen elo also nach 2 Woche Wahlkampf duer. De Francois Aulner weess am Kommentar de Moie nach net fir wien hie soll wielen:

Vill Wieler dierfen 13 Deeg virun de Wahlen och nach ondecidéiert sinn, an dat muss sech an de nächsten Deeg änneren.

Dës Wahlen sinn aussergewéinlech. Den Enjeu ass méi grouss wéi dat an der Regel de Fall ass: De Chômage läit bei 7 Prozent. Dee fir de Bierger onspierbaren, mee reelle Budgets-Defizit beim Staat dreift d’Schold an d’Luucht. Lëtzebuerg a seng oppe Maartwirtschaft ass groussen economeschen Ongewëssheeten aus dem Ausland ausgesat. D’Salariéen aus der privat Wirtschaft si crispéiert wéinst der Fonction Publique. D’Vertrauen an d’Institutiounen ass staark beschiedegt, wéinst der Bommeleeër Affär an dem Geheimdéngscht Skandal.

Den Enjeu ass ganz grouss an d’Wieler musse sech bewosst sinn, datt eng staark, kompetent a passionéiert Chamber dat ass wat Lëtzebuerg braucht. D’Aarbecht vum Parlament war intensiv an de läschte 4 Joer, net ëmmer brillant, heiansdo aremséileg, mee heiansdo och gutt. Soss hätte mer keng virgezunne Chamberwahlen. Wat zielt ass net nëmmen wien regéiert, mee och wien d’Oppositioun mécht.

Zu Lëtzebuerg muss ee wiele goen, an eng Parti Wieler decidéieren réischt an der Kabinn wéi eng Nimm oder Partei ze schwäerzen. Ass engem d’Chamber dach e bëssen egal, kräizt een alt déi Nimm un déi ee kennt. Di üblech Verdächteg: Juncker, Bettel, Schneider, Bausch, oder nach Promien...Radio, Telé, etc.

Dat soll ee roueg maachen wann ee vun dëse Leit iwwerzeegt ass. Mee net par Defaut, also net well een di aner Kandidaten oder d’Partei-Programmer net kennt.

Hei dowéinst den Appel och un d’Kandidaten: maacht keng Polemik an deenen nächsten 2 Wochen, mee strengt Iech un, fir datt d’Wieler wësse fir wien se solle wielen. A wann Dir dann am Krautmaart an der Chamber fir di nächst 5 Joer setzt, da strengt Iech och do w.e.g un, a läit net einfach an ärem Stull fir brav mat der Fraktioun all Kéier onkritesch op de grénge Knäppchen ze drécken. Maacht datt d’Chamber e gudde Ruff verdéngt huet.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Programmchef/fin

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen