Ka Sozialpolitik gläischzäiteg méi gerecht, méi bëlleg a méi "selektiv" sin?

D’CSV-LSAP-Koalitioun huet am Regierungsprogramm vun 2009 zwar méi "sozial Selektivitéit" versprach, mee mat hirer Politik gewisen, dass hannert deem Verspriechen kee kloert Konzept stoung. Dat ass eng vun de Conclusiounen an der Analyse zum Thema Sozialpolitik.

Sozialpolitik kéint am Prinzip awer méi gerecht a manner deier sinn, sou d’Meenung vun eisen zwee Invitéen am Studio. De Robert Urbé vun der Caritas gesäit de Spuerpotential haaptsächlech beim Rentesystem: D’Cotisatiounsplafonge
issten opgehuewen a gläichzäiteg eng méi niddereg Maximalrent agefouert ginn. De Chef-Economist vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen ass der Meenung, dass esou eng Mesure net gerecht wier.

Béid Invitéë fannen, dass eng méi selektiv Sozialpolitik, wéi se den Ament beispillsweis mat de sougenannte “Cheques-Services-Accueil” gemaach gëtt, en immensen administrativen Opwand bedeit. Eng Alternativ wier eng Steierreform, déi dem Prinzip vun der sozialer Selektivitéit Rechnung dréit.

Eenz si sech de Robert Urbé an de Carlo Thelen doranner, dass fir verschidde Sozialleeschtungen eng Residenzklausel ka spille, dat wéint den héije Logementspräisser zu Lëtzebuerg.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen