Radioen

On air

De Moien  |  Jungle - Keep Moving

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justiz-Reform a Verfassung: Greco gëtt der CSV d'Schold

Gewaltenteilung

Justiz-Reform a Verfassung: Greco gëtt der CSV d'Schold

De Greco, de Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun beim Conseil de l'Europe huet a senge leschte Rapporten iwwer Lëtzebuerg net just keng Fortschrëtter, mee esou guer Réckschrëtt festgestallt. Dat huet mat där am leschte Moment vun der CSV gekippter grousser Verfassungsreform ze dinn. An der Fro vun der Onofhängegkeet vum Parquet. D'Justizministerin Sam Tanson deelt d'Meenung vum Greco, datt eng onofhängeg Justiz wichteg wier. Zemools un der Fro vum onofhängege Parquet och d'Kreatioun vum Conseil national de la Justiz hänkt, deen d'Impartialitéit vun der Justiz soll garantéieren.

auto_stories

4 min

Et misst een de Greco-Rapport seriö huelen, sou d'Justizministerin Sam Tanson. Lëtzebuerg géif probéiere fir "an allen Hinsichten en zäitgeméisse Rechtsstaat ze sinn, dee 'patte blanche' weist an ech fannen et net positiv, wann vun enger Evaluatioun op déi nächst abemol e Réckschrëtt festgestallt gëtt".

De Greco weist a sengem Rapport mam Fanger op déi gréissten Oppositiounspartei CSV. Dat well se déi grouss Verfassungsreform net mat gemaach huet, nodeems se am Konsens mat den anere Parteien en Text ausgeschafft hat. Do stoung explizitt dran, datt net just d'Riichter, mee och de Parquet onofhängeg wier. Nodeems déi grouss Verfassungsreform ofgeblose war, gëtt et jo elo eng Reform pro Kapitel. Dat éischt dovun ass d'Justiz. D'Propos dofir kënnt vum CSV-Deputéierten a Rapporter Léon Gloden. Do steet net méi dran, datt de Parquet onofhängeg ass. D'Sam Tanson seet awer, datt de Justizminister sech net beim Parquet amësche kann, wier wichteg fir d'Credibilitéit vun de Riichter an dem Parquet, dem Justizminister.

Et misst garantéiert ginn, datt net e Generalverdacht kéint entstoen, datt de Parquet de verlängerten Aarm vun der Politik wier, mee datt d'Justiz all Bierger d'selwecht traitéiert.

D'Schafe vum Conseil de Justiz ass blockéiert

Soulaang d'Onofhängegkeet vun de Riichter an dem Parquet net an der Verfassung steet, geet et och net mam Schafe vun Conseil national de la Justice weider, an deem Vertrieder vun deenen Engen an deenen Anere solle sinn.

"Mir brauchen dofir och eng Gläichstellung vum Statut point de vue Onofhängegkeet, vun der magistrature assise an dem Parquet, well eng vun den Haaptmissioune vun dem Conseil ass eben d'Onofhängegkeet vun der Justice ze garantéieren."

Datt d'Schafe vun deem Conseil schleeft, ass e weidere Punkt, deen de Greco negativ bewäert huet. No deem Rapport a villen negative Avis op nationalem Plang géif et elo drëms goen, fir d'Positiounen beieneen ze kréien, seet d'Sam Tanson. Si kéint sech virstellen, datt de Minister generell politesch Orientéierungen gëtt, wéi et an der Belsch de Fall ass. Si nennt e Beispill.

"E gravéierende Probleem bei de violences domestiques. Mir mussen do agéieren: 'w.e.g. Parquet, setz den Akzent dorop, datt mer dat besser an de Grëff kréien, well dat ass wierklech e gravéierende gesellschaftleche Probleem."

Et misst een awer evitéieren, datt dem Parquet seng Onofhängegkeet bei der Opportunité des poursuites a Fro gestallt ass. Dat heescht, wann de Parquet bis eng Affär ugefaangen huet, dann ass et och eleng um Parquet, fir ze decidéieren ob en d'Affär weiderféiert oder net an net un der Politik.

Onkloerheet iwwer CSV-Revirement

Firwat d'CSV am Mee en Text virgeluecht huet, an deem d'Onofhängegkeet vum Parquet kee Verfassungsrang soll kréien, obwuel si laang domat d'accord war, weess d'Justizministerin net.

"Dat ass och e bëssen dat, wat mer feelt. Ech hu keng konkret Erklärung krut, firwat dat doten elo proposéiert ass."

Do virdru gouf et awer Tensiounen tëscht der Chamber an der Justiz. Dat wéinst de Datebanke bei der Justiz, en Dossier op deem virun allem CSV-Deputéiert vill geschafft hunn a wou sech d'Chamber an de Parquet am Ënn géigesäiteg virgeworf haten, d'Gewaltentrennung net ze respektéieren. D'Procureure générale Martine Solovieff hat an engem Bréif un de Chamberpresident d'Qualitéit vun de Questions parlementaires zum Sujet kritiséiert.

Freet een de President vun der Institutiounen-Kommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, ob et ieren domat ze dinn huet, äntwërt hien: "Also ech kann dozou just soen, datt dat warscheilech een Element war, dat d'Diskussiounen net méi einfach gemaach huet."

CSV a Majoritéitsparteie schéngen zesummen ze schaffen

De Mars Di Bartolomeo betount, datt een an der Institutiounekommissioun ganz konstruktiv mat der CSV zesummen géif schaffen. D'Majoritéitsfraktiounen hunn dem Léon Gloden seng Propose och mat gedroen a säi Rapport matgestëmmt.

Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché seet dozou:

"Deen Text, deen elo virläit, datt ass jo e Kompromëss, dee mer mat der CSV zesummen zustane bruecht hunn. Wuelwëssend, datt mer jo déi Verfassungsreform musse mat der CSV maachen, well mer jo och déi zwee Drëttel Majoritéit brauchen."

Wat elo géif virleien, wier net 100 Prozent d'Virstellung vun deene Gréngen, esou d'Josée Lorsché. Si waart, wéi déi aner och, gespaant op den Avis vum Conseil d'Etat, fir d'Fro vum Parquet nach emol ënner d'Lupp ze huelen. Dee mëscht awer am Prinzip bei Verfassungsännerunge keng opposition formelle.