Juncker : "Ginn dovun aus, datt ech EU-Kommissiounspresident ginn"
“Well ech dovun ausginn, datt d’Europäesch Vollekspartei d’Europawahle gewënnt, ginn ech dovun aus datt ech EU-Kommissiounspresident ginn”. Dat sot den EVP-Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker an der Emissioun Riicht Eraus um radio 100,7.
De Moment fir als CSV-Fraktiounschef zréck ze triede wier nach net do gewiescht. Datt hien elo wéint dem Europawahlkampf fir en Zäitraum vu 6 Wochen net sou intensiv wéi néideg an der nationaler Politik present ass, wier kee Problem.
Den CSV-Politiker huet seng Fuerderung no méi staarke Sanktiounen géint Russland verdeedegt. Et kéim ee wéint der Eskalatioun an der Ukrain-Krise net derlaanscht sech mat de Finanzstréim tëscht Russland an den europäesche Finanz-Zentren ze beschäftegen, sou de Jean-Claude Juncker... och wann esou Sanktiounen dem eegene Land schueden.
D’Diskussioun iwwert d’Auslännerwahlrecht wier an der blo-rout-grénger Regierung nach net ofgeschloss, sou d’Aschätzung vum CSV-Fraktiounschef. Wann d’Majoritéit zur Konklusioun kéim, datt e Referendum iwwert déi Fro geféierlech ass, da géif hien dat begréissen. Hie géif dann och net de Geck mat der Regierung maachen : "Wann eng Regierung dat richtegt mécht, soll ee sech net lëschteg iwwert se maachen".
Méi allgemeng huet de Jean-Claude Juncker der neier Regierung reprochéiert, duercherneen ze schwätzen. Et géif Zäit ginn, "datt de Regierungsdiscours eng kloer Richtung erkenne léisst".
Déi ganz Emissioun kann nei nogelauschtert ginn :
http://www.100komma7.lu/files/0/10/252340_riicht-eraus.mp3