Radioen

On air

Notturno  |  Tingvall Trio - Högtid

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jugendstrofrecht a Jugendschutz: Sinn d'Kriticken um Gesetzesprojet berechtegt?

Reform vum Strofrecht

Jugendstrofrecht a Jugendschutz: Sinn d'Kriticken um Gesetzesprojet berechtegt?

De Gesetzesprojet iwwer d'Jugendstrofrecht an de Jugendschutz fënnt net iwwerall Zoustëmmung; Kritik gouf et ënner anerem vun der Justiz. Den Droitsprofesser Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg gesäit doran awer en iwwerfällegen Paradigmewiessel.

auto_stories

3 min

D'Simone Flammang vum Parquet général hat am 100,7-Interview ënner anerem kritiséiert, datt d'Reform virgesäit, datt Jugendlecher eréischt vu 14 Joer u penal responsabel gemaach kéinte ginn.

Dës Kritik wier fir den Droitsprofesser Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg zwar verständlech, mee net gerechtfäerdegt oder iwwerzeegend. Heimat géif ee sech nämlech u Virgabe vun de Vereenten Natiounen orientéieren, wou Erzéiungswëssenschaftler, Pedagogen a Strof-Juristen sech op den Alter vu 14 gëeenegt hunn:

"[...] dass ab diesem Alter sozusagen die Einsichtsfähigkeit in Unrecht, das man begangen hat, dann auch entwickelt ist und man dann mit entsprechenden Maßnahmen darauf reagieren kann. "

Wichtege Paradigmewiessel duerch Reform

Dës Reform géif e wichtege Paradigmewiessel alauden, präziséiert de Jurist.

Eng éischte Kéier géifen d'Grondrechter vu Jugendlechen, déi a Konflikt mam Gesetz geroden, festgehale ginn. Déi national Legislatioun géif endlech am Aklang mat ënner anerem der UN-Kannerrechts-Konventioun bruecht ginn.

Déi geplangten Trennung tëschent Jugendstrofrecht a Jugendschutz wier och längst iwwerfälleg gewiescht, fënnt den Droitsprofessor. Studien aus verschiddene Beräicher hätte scho säit laangem gewisen, datt een duerch Strofe jonke Leit net hëlleft, déi a Konflikt mam Gesetz gerode sinn.

Trennung tëschent Parquet an ONE wier wichteg

No der Reform wäert de Parquet just nach d'Zoustännegkeet fir d'Jugendstrofrecht behalen. De Jugendschutz fält dann an d'Zoustännegkeet vum Office National de l'enfance (ONE).

Och dës Trennung stéisst op Awänn: den ONE als Verwaltung kéint net déi selwecht Garantië vun Impartialitéit an Neutralitéit bidde wéi d'Justiz, sot d'Simone Flammang op dëser Antenn.

De Stefan Braum ass anerer Meenung: Eng Trennung tëschent Repressioun op der enger Säit an Hëllef op der anerer Säit wier richteg, noutwenneg an "normativ gerechtfäerdegt".

Justiz an ONE wäerten awer zesummeschaffen

De Stefan Braum betount och datt d'Trennung net 100-prozenteg wier, well Verbindungen a Brécke bestoe géifen. D'Praxis aus anere Länner, wou et se längst géif ginn, géif weisen:

"Dort ist es eben so, dass die Strafjustiz bei Bedarf mit der, in Deutschland würde man sagen, Jugendgerichtshilfe zusammenarbeitet - etwa weil man sie als Sachverständige hört, etwa weil man sie als Zeugen hört, weil man sich auf entsprechende sachverständige Gutachten bezieht. Also es gibt eine ganze Reihe von Möglichkeiten - sinnvollerweise - wie dann die Strafjustiz und das ONE werden zusammenarbeiten mussen."

Wichteg wier et och wann d'Reform eng Kéier bis en Place gesat wier, fir e Suivi virzegesinn, mengt de Stefan Braum weider - engersäits duerch e statistesche Suivi, anerersäits duerch eng wëssenschaftlech Analyse vun dësem.