Jugendparlament: Wéi eng Zukunft fir de Projet?

D’Decisioun vun der Jugendkonferenz fir de President vum Jugendparlament ofzesetzen stéisst net op Unanimitéit. Am Kär vun der Diskussioun steet d’Fro no der Ausriichtung vum Projet Jugendparlament.

Zesumme mat 3 anere Membere vum Jugendparlament huet d’Margot Delaunois gëschter en oppene Bréif un d’Press adresséiert: d’Decisioun vun der CGJL stéisst hei op Kritik. Eng Decisioun, déi net begrënnt gi wier, sou d’Margot Delaunois.

Déi 4 Membere vum Exekutiv-Büro vum Jugendparlament hunn matgedeelt, datt se d’Decisioun vun der CGJL unhuelen. De Jean Wivenes. ee vun de Virstandsmemberen, ass der Meenung, dass et duerchaus un der Trägerorganisatioun ass, fir de gudde Fonctionnement vum Projet ze garantéieren an entspriechend ze handelen. An der Zesummenaarbecht mam President Patrick Weymerskirch hätt et effektiv ëmmer nees Problemer ginn.

De Bill Wirtz, deen d’CGJL am Exekutiv-Büro vum Jugendparlament als Observateur vertrëtt, erklärt, datt de Jugendparlament en edukative Projet ass, fir deem säi gudde Fonktionnement d'Jugendkonferenz zoustänneg ass. Dozou gehéiert, datt déi gewielte Vertrieder vum Jugendparlament sech an hiren Aussoen un de Positiounen vum Jugendparlament orientéieren. Den DP-Member betount, datt d’Parteien am Jugendparlament keng Roll ze spillen hunn. Dat wier awer de Fall a léich och an der Natur vun der Saach, sou d’Margot Delaunois, déi hirersäits Member vum Nationalvirstand vun de Jonke Sozialisten.

Wéivill Neutralitéit trotz allem vum Exekutiv-Bureau vum Jugendparlament kann a muss gefuerdert ginn, déi Debatt huet d’CGJL mat hirer Decisioun nei lancéiert. Eisen Informatiounen no ass geplangt de Projet Jugendparlament ze iwwerschaffen: d’Onofhängegkeet an d’Neutralitéit vum Exekutiv-Büro wäerten dobäi sécherlech en Thema sinn.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen