Op der Manifestatioun e Samschdeg hätt ee "Juddestäre" gesinn, dat wier eng inakzeptabel Verharmlosung vun der Shoah an hätt näischt mat de Covid-Mesuren ze dinn, sou de Laurent Moyse.
Dat wat e Samschdeg geschitt ass, dierft sech net widderhuelen. Dowéinst mécht d'Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah een Appell un d'Autoritéiten, alles ze ënnerhuele fir dëst Ziel ze erreechen. Besonnesch wichteg wier sech déi néideg Mëttel dofir ze ginn, fir esou Exzesser ze ënnerbannen, esou de President vun der Fondatioun.