An dësen "aussergewéinlechen Zäiten" an no 24 Joer als Journalistin an der Wochenzeitung wéilt si Recul huele vun der Medielandschaft a vun der "ganz viller Aarbecht déi et ass fir eng onofhängeg Zeitung ze maachen".
D'Medie wieren ënner Drock. Et géif Konkurrenz gi vun de soziale Medien, d'Annonce géifen zréckgoen an d'Equipen an de Redaktioune wieren zu Lëtzebuerg kleng.
Si géif dem Lëtzebuerger Land elo eng Erneierung wënschen, esou d'Josée Hansen am Gespréich mam Jean-Claude Franck.