Mam Gesetzprojet, deen am Januar deponéiert gouf, solle flexibel Visae fir jonk Kapverdianer agefouert ginn. Esou e Visa kann tëschent engem an fënnef Joer hunn.
Domat gëtt eng Circulaire Migratioun méiglech: et kann een ëmmer erëm kommen an och goen. Et gëtt méi einfach op Lëtzebuerg anzereesen, eng definitiv Openthaltsgenehmegung ass dat awer nach net.
Jonken eng Zukunft an hirer Heemecht erméiglechen
"Di Jonk solle Perspektive kréien, fir sech am Cap Vert selwer e Liewen opzebauen”, seet de Kooperatiounsminister Romain Schneider. Dofir kréien déi, déi kommen, eng professionell Formatioun zum Beispill an den Sekteuere vun der Hotellerie, dem Handwierk, der Landwirtschaft oder och den erneierbaren Energien.
"Dat ass komplementar zu der Entwécklungshëllef, déi Lëtzebuerg do leescht", seet de Romain Schneider. De Kooperatiounsminister wëllt de Projet am A behalen. D'Zil wier et, de Cap Vert op seng eege Féiss ze kréien a Jonken eng besser Zukunft ze erméiglechen.