Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joerhonnert-Iwwerschwemmungen an der Belsch

Grousse Schued

Joerhonnert-Iwwerschwemmungen an der Belsch

An der Belsch si bei Iwwerschwemmungen 36 Leit gestuerwen, zéng Persoune ginn nach ëmmer gesicht. De Floss Weser ass massiv iwwerlaf an Dausenden Haiser goufen iwwerschwemmt, de Schued geet an d'Milliarden.

auto_stories

3 min

36 Doudeger sinn ze bedaueren, an 10 Persoune ginn nach ëmmer gesicht, an den totale Schued geet an d'Milliardenhéicht. D'Situatioun ass speziell dramatesch zu Namur, an och an der klenger Stad Verviers, ëstlech vu Léck, wou de Floss Weser massiv iwwergelaf ass an Dausenden Haiser iwwerschwemmt huet

Esouguer den zweete Weltkrich huet net esouvill Schued zu Verviers ugeriicht. Vun den ongeféier 55.000 Awunner sichen der knapps 15.000 en nei Doheem, wéinstens zäitweileg. D'Gemeng huet mat der Requisitioun vun net bewunnte Gebaier ugefaangen.

Infrastrukture sinn zesummegebrach

Et ass en dramatescht Bild: zerstéiert Haiser, kéipweis Offall, Dausenden Autoen, déi vum Waasser an de Stroosse matgerappt goufen, ënnerbrach Eisebunnslinnen an Telekommunikatiounen, keen Drénkwaasser, kee Stroum, kee Gas.

De Waasserniveau ass op verschiddene Plaze bannent Minutten ëm e puer Meter geklommen, dat deelweis duerch d'Topologie vum Dall vum Floss Weser, oder Vesdre op Franséisch, deen op verschiddene Plazen nëmmen e puer Honnert Meter breet ass. De 14. Juli Owes war de Stauséi vun Eupen voll a konnt déi aussergewéinlech Waassermassen net méi weider ophalen.

Weider Iwwerschwemmungen

Dat geneet Ausmooss vum Schued ass nach net kloer: No den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli war weider Reen gemellt ginn. Dëse Samschdeg war et virun allem den Dall vun der Meuse vun Dinant bis Namur, dat schwéier betraff war. Zu Dinant war et e reegelrechte Schlammfloss, dee bannent e puer Minutte vun de Felder op den Héichte bis an d'Stad gelaf ass.

50 Autoe goufe matgerappt, deelweis mat de Passagéier, Trottoiren a Stroosse goufen opgerappt, an d'Eisebunnsstreck gouf ënnerbrach. En änlechen Zenario zu Namur, wou deelweis déi ganz Gare ënner Waasser stoung. Eng Situatioun, déi schlëmmer war, wéi bei den éischten Iwwerschwemmunge virun zéng Deeg.

En Elan vu Solidaritéit huet sech breet gemaach fir de betraffenen Awunner ze hëllefen, mee et wäert nach deeglaang dauere fir iwwerall ze botzen, wochelaang fir de Schued ze chiffréieren, deen elo schonn an d'Milliardenhéicht geet, a méintelaang fir verschidden Infrastrukture wéi de Gasreseau erëm integral a Betrib ze huelen.

D'Sich no den Ursaachen

No der Katastroph gëtt no méiglechen Ursaache gesicht. Eng vun den Hypotheesen ass déi schlecht Gestioun vun de Stauséien, zumindest am Dall vun der Weser, dee Flos,s deen d'Stied Eupen, Verviers a Pepinster iwwerschwemmt huet. Et gëtt sech d'Fro gestallt, ob de Stauséi vun Eupen net schonn e puer Deeg virun de schwéiere Reefäll hätt misste präventiv méi eidel gemaach ginn.

Dat gëtt awer vum zoustännege Minister Philippe Henry ofgestridden: déi pessimisteschst Previsiounen hätten net méi ewéi 150mm Reen pro Quadratmeter wärend 48 Stonne virausgesot, mee déi Quantitéit gouf quasi verduebelt, sou datt de Stauséi d'Waassermassen net konnt absorbéieren. Et wier och de Warnunge vum europäeschen Héichwaassersystem EFAS net genuch Rechnung gedroe ginn.

Egal wéi, d'Buergermeeschtere vun de betraffene Gemenge fuerderen eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun wat d'Gestioun vum Waasser, mee och wat d'Hëllef am Fall vun esou enger Katastroph ugeet. D'Joerhonnerthéichwaasser a verschiddene Stied an der Belsch misst awer och en Zeeche sinn, datt eng dicht Urbaniséierung ze no beim Waasser schlëmm Suitte kann hunn.