Joeresréckbléck an der Astrophysik
Watfir Erkenntnisser aus de leschten 12 Méint hunn d’Astronomie, respektiv d’Astrophysik revolutionéiert? Dank dem Plank Satellit si mer ënner anerem gewuer ginn, datt de fréien Universum ganz einfach war. Dowéinst mussen eng Rutsch Theorien elo komplett revidéiert ginn. Wat bréngt de Gaia Satellit, deen eng 3D Kaart vun eiser Mëllechstrooss opstelle soll? A wat soll een dervun halen, dat elo och d’Chinesen an d’Inder esou aktiv an der Raumfahrt sinn? Äntwerte vum Invité vum Dag, dem Astrophysiker Dr Jean-Luc Lehners. Den Dr Lehners fuerscht am Beräich String Theorie a Kosmologie um “Max Planck Institut für Gravitationsphysik” zu Potsdam, besser bekannt ënnert dem Numm Albert Einstein Institut.
En Interview vum Marie-Paule Fischbach: