Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jiddwereen huet Recht op de Schutz vu senger Privatsphär

Fräie Mikro

Jiddwereen huet Recht op de Schutz vu senger Privatsphär

De Geriichtshaff vun der EU huet den 22. November den onbegrenzten Zougang zu den Informatiounen iwwer d'Bénéficiaires effectifs fir ongëlteg erkläert. E gudden Dag fir un d'Recht op Schutz vun der Privatsphär ze erënneren an de Rappell, datt dat Recht fir jiddweree gëlle muss. E Fräie Mikro vum Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.

auto_stories

4 min

Net nëmmen Autoritéiten op der Sich no Opklärung vu Verbrieche wéi Geldwäsch an d'Finanzéierung vum Terrorismus oder Banken zur Kontroll vun der Hierkonft vun engem Client senger Fortune, mee och Journalisten am Kader vun enger Enquête iwwer Persoune vun ëffentlechen Interessi a soss all Bierger konnt nokucken, wiem wéi eng Gesellschaft gehéiert.

D'Kritiker vun dëser Offenheet hunn net nëmme fir d'Attraktivitéit vun der nationaler Finanzplaz gefaart, mee och d'Rechter op Schutz vun der Privatsphär vun deene verletzt gesinn, déi am Register mat hirem Numm opgelëscht sinn.

EuGH: RBE huet iwwer d'Zil erausgeschoss

Dës Kritiker wäerte sech elo nom Urteel vum Geriichtshaff bestätegt fillen. Hunn d'Riichter vum Kierchbierg dach den onbegrenzten Zougang als en graven Agrëff gesinn an d'Rechter vu Privatpersounen hir sensibel perséinlech Informatiounen iwwer hir Finanzen an do, wou se hir Suen investéieren ze beschützen.

An och wann d'Zil vun dëser Offenheet méi wéi legitim wier, an zwar de Kampf géint Kriminalitéit, sou wier d'Method fir dohinner ze kommen disproportionéiert. Och ouni den Zougrëff vun all Bierger wier dat Zil ze erreechen. Well de Schutz vun der Privatsphär e Grondrecht ass, dat ee just ënner strikte Konditioune begrenzen dierft, wier hei iwwer d'Zil eraus geschoss ginn.

EuGH bleift senger Linn trei

Wéi dës Decisioun bekannt gouf, huet ee virun allem Kritik héieren, déi eng Victoire vun onéierleche Wirtschaftsacteure gesinn huet, déi elo nees hanner dem Paravent dubiéise Geschäfter nogoe kéinten.

Dobäi huet de Geriichtshaff kloer gesot, datt Autoritéiten a Persoune mat engem legitimmen Interêt mussen Zougrëff op d'Identitéit vun de Béneficiaires effectifs hunn. Vertraulechkeet gesäit anescht aus.

De Geriichtshaff ass einfach senger Linn vun der Verdeedegung vun de Grondrechter am Allgemengen an deem vun der Privatsphär am Speziellen trei bliwwen. Dëst ass net déi éischte Kéier, wou vun de gëllenen Tierm um Kierchbierg aus en onbegrenzten Zougrëff op vertraulech Daten, och mat de beschten Intentioune vun der Verbriechensbekämpfung, sanktionéiert gouf.

Vorratsdatespäicherung: Trotz Urteel näischt Konkretes

Et brauch ee just un d'Vorratsdatespäicherung ze denken. Dës legal Praxis vum Späichere vun Informatiounen iwwer déi elektronesch Kommunikatioun betrëfft eis all. Schonn dräi Mol goufen national Gesetzer sanktionéiert, déi keng ausräichend Limitte fir den staatlechen Datestaubsauger virgesinn.

Och Lëtzebuerg huet esou ee Gesetz an schonns nom éischten Urteel vum Geriichtshaff zu deem Thema huet déi national Politik versprach, dësen Text unzepassen. Trotz zwee weideren Urteeler ass bis haut näischt Konkretes geschitt an d'Gesetz gëtt weider applizéiert.

Wat e Kontrast zu der Reaktioun op d'Decisioun vum 22. November. Nëmmen een Dag méi spéit gouf den Zougang zum faméise Register duerch de Justizministère gespaart.

D'Léieren aus dem Urteel

Wann et eng Lektioun vum EU-Geriichtshaff senger Entscheedung gëtt, dann déi, datt jiddwereen e Recht op Privatsphär huet an dat just an Ausnamefäll opgehuewen oder begrenzt dierft ginn. Dat gëllt fir Leit, déi hiert Geld a Gesellschafte stieche genau esou wéi fir den einfache Bierger, dee sech Kleeder um Internet bestellt oder do e Lebensabschnittspartner sicht.

Wann also elo mat Héichdrock un enger Léisung zum Zougang op den RBE am Aklang mat de Grondrechter geschafft gëtt, da muss déi selwecht Energie dozou féieren och der Vorratsdatenspäicherung déi Grenzen ze setzen, déi de Geriichtshaff gefuerdert huet.

Well Verbriechensbekämpfung ass och méiglech ouni en disproportionéierten Agrëff an d'Grondrechter. Dat gëllt fir den Zougang zu perséinlechen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.