Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jeeër hunn Erfarung a punkto sanitär Reegelen

Juegd

Jeeër hunn Erfarung a punkto sanitär Reegelen

Grad ewéi bei der Schwéngspescht oder der Tollwut, respektéieren d'Jeeër elo déi nei sanitär Moossnamen déi se bei de Klappjuegte mussen anhalen, seet de President vun der Jeeërfederatioun, den Dokter George Jacobs.

auto_stories

3 min

De ganzen Interview mam Dr. Georges Jacobs lauschterenplay_arrow


Souwuel bei der klassescher oder afrikanescher Schwéngspescht, ewéi bei der Tollwut hätten d'Jeeër sech ëmmer exemplaresch beholl, wat déi sanitär Moossnamen ugeet, betount den Dokter George Jacobs.

Klappjuegte mat méi ewéi 100 Läit si seelen

Mat deene neien sanitäre Reegele hätt sech eigentlech net esouvill geännert, ënnersträicht den Dokter George Jacobs.

"Et ass gesot ginn, datt bei enger Klappjuegd net méi ewéi 100 Jeeër dierfen zesummekommen. Där Klappjuegten oder Beweegungsjuegte mat méi ewéi 100 Leit, dat ass extrem seelen. Un enger klassescher Beweegungsjuegd si 40 Jeeër a 15 Dreiwer bedeelegt. Do kommen da 55 Jeeër zesummen. Wat vun deenen u sanitäre Moossname verlaangt gëtt, dat si Saachen, déi si souwisou virdrun och gemaach hunn. Dat heescht, déi mussen zwee Meter Distanz halen an déi mussen de ganzen Zäit ee Mask unhunn. Wann se zesummekommen, da musse se och Plaze reservéiert kréien, wou se sech sëtze kënnen. Dat hu mer souwisou gemaach, mee et ass gutt, datt dee Message widderholl gëtt."

E puer Juegte goufen ofgesot

Eng Rei Juegte wieren ofgesot ginn, well déi Leit, déi se organiséiert hunn, net wossten, wéi se sech sollen an der Praxis uleeën. Mee déi meescht Juegte géifen duerchgezu ginn.

Juegd reguléiert de Bestand u Wëllt

D'Juegd wier eng essentiell Aktivitéit an der Natur, betount den Dokter George Jacobs.

"Mir mussen engersäits Krankheeten niddereg halen, ënner anerem déi afrikanesch Schwéngspescht. Mir musse verhënneren, datt d'Baueren gréissere Wëldschued mussen indemniséiert kréien, a mir mussen am Kader vun de Biodiversitéitsvirgaben och kucken, datt déi verschidde Populatioune vun den Déiere reguléiert ginn, datt et net op eemol honnertdausend Wëllschwäin hei am Land ginn, an datt d'Hirsch de Bësch net zesummebäissen."

Reproduktiounstaux vu Wëllschwäin ass héich

Zu Lëtzebuerg géifen et am Bësch ëm déi 11.000 Wëllschwäi ginn.

"Mee wa mir net géifen Wëllschwäi bejoen, dann hätte mir der dat nächst Joer ongeféier 40.000. Déi hunn ee Reproduktiounstaux deen iwwer 300 Prozent läit. Bei de Réi a beim Hirsch do geet d'Populatioun jeeweils ëm drësseg Prozent erop, wann näischt gemaach gëtt."