Internationalen Dag vun der Pressefräiheet Jean-Lou Siweck: Pressefräiheet ass fragil

D'Pressefräiheet wier eppes fragiles: dat hätt een zejoert gesinn, wéi d'Journalisten - am Etat de crise - mat der Regierung am Fong just eng Informatiounsquell haten, esou de Jean-Lou Siweck. Dofir wier den Dag vun der Pressefräiheet dës Kéier och hei am Land wéi néideg wéi soss.

Maurice Molitor (Interview) / Tessy Troes (Web)

Jean-Lou Siweck
De Jean-Lou Siweck ass President vum Presserot a Generaldirekter vun Editpress.

Am Ufank vun der Pandemie hätt d'Press sech an hirer Aarbecht just op eng Informatiounsquell kënne beruffen, nämlech d'Regierung, esou den Generaldirekter vun Editpress a President vum Conseil de Presse. Si hätt wéinst de sanitäre Restriktioune kaum Méiglechkeete gehat, déi Informatiounen ze hannerfroen oder ze iwwerpréiwen. Zum Beispill bei den digitale Pressekonferenzen, wou d'Journalisten net physesch present konnte sinn, wier eng Dynamik verluer gaangen an d'Politiker wiere manner mat kritesch Froe konfrontéiert ginn, sou de Jean-Lou Siweck.

An der Pandemie wieren d'Aschränkunge vläicht justifiéiert gewiescht. Deen Episod hätt awer gewisen, wéi einfach een der Press hir Kontrollméiglechkeeten entzéie kann, wann emol eng Regierung un d'Rudder kéim, déi et mat demokratesche Grondprinzippien net esou genee hëlt, sou de President vum Presserot.

"Et geet ëm e Grondprinzip"

Zum Virworf vu verschiddene Gruppen, d'Presse géif an dëser Kris net déi ganz Wouerecht iwwer der Virus an d'Pandemie erzielen, seet hien:

"Et gi Leit, déi géife gär an den Zeitunge liesen, op de Radioen héieren, op der Tëlee gesinn, datt déi Corona-Kris guer net néideg ass, datt et dee Virus vläicht gëtt, awer net emol ganz sécher, a wann et e gëtt, dann hëlleft e bësse Vitamin C dergéint an da geet dat schonn ... Dat bidde mir net, well et einfach net der Wourecht entsprécht, a well mer mat eise journalisteschen Aarbechtsmethoden dat scho verifiéiert hunn."

Haut um 3. Mee ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet. D'ALJP, de Lëtzebuerger Journaliste-Verband organiséiert bei där Geleeënheet e Protest-Piquet virun der Chamber: dat ass eng Aktioun am Kader vun der Campagne "Informatiouns-Zougang elo!" mat där d'Journaliste froen, datt hinne gesetzlech e Recht zougesot gëtt, déi Informatioune vum Staat ze kréien, déi se fir hir Aarbecht brauchen.

De Conseil de Presse ënnerstëtzt dat Uleies. Fir säi President Jean-Lou Siweck geet et net drëm, spezifesch dës Regierung oder déi virdrun ze kritiséieren, "datt do iergendeppes net géif lafen", mee:

"Datt et ëm e Grondprinzip geet, dat mer aschreiwe musse fir och aner Regierungen, fir net nëmmen um politeschen Niveau, mee och um ganz banalen administrativen Niveau, och bei Etablissement publicen a Verwaltungen, déi ganz wäit vum politesche Geschehnis ewech sinn, datt och do e Bewosstsinn entsteet, datt d'Press als Vertrieder vum Bierger en Urecht huet verschidden Informatiounen ze kréien."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

ALJP
Journalisteverband

De Journalisteverband ALJP erneiert mat enger Campagne seng Fuerderung no engem gesetzlech verankerten Usproch op staatlech Renseignementer. Och e puer grouss Acteuren aus der Zivilgesellschaft hu sech der Allianz ugeschloss.

Thierry Simonelli
Prisma

Wa jiddweree seng eege Meenung dierf hunn, an déi Meenungen all verschidde sinn, wéi sollen da gemeinsam Decisioune getraff ginn? Heirop ginn et dorop zwou Zorte vun Äntwerten. Gedanke vum Thierry Simonelli.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen