Ukrain-Konflikt Jean-Claude Juncker "iwwerrascht" iwwer de Wladimir Putin

Deen zweete Pak vu Sanktiounen, deen d'Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun gëscht decidéiert hunn, hätt d'Potential, Russland mëttelfristeg ganz wéi ze doen, esou de Jean-Claude Juncker.

Maurice Molitor / tt

Jean-Claude Juncker.jpg
Foto: Archiv

De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident mengt awer net, datt si de Wladimir Putin zum Ëmdenke wäerte beweegen. De Westen hätt an der Vergaangenheet a sengem Ëmgang mat Russland sécher net alles richteg gemaach, sou de Jean-Claude Juncker. Op béide Säite wiere Feeler geschitt, mee:

"Näischt rechtfäerdegt e Krich. Dat ass eng absolut rout Linn, déi dierf net iwwerschratt ginn, an déi ass awer elo iwwerschratt ginn. Fir d'éischte Kéier (zënter laangem) gëtt nees an Europa richteg schaarf geschoss."

Politiker goufe vum Putin virgefouert

Datt de russesche President de Krich ugefaangen huet, hätt hien iwwerrascht, sou de Jean-Claude Juncker. Hien hätt och net gemengt, datt déi ganz Ukrain géif ugegraff ginn, an net just den Donbass.

Zënter wéini de russesche President decidéiert gewiescht wär, de Krich géint d'Ukrain ze féieren, wéisst hien net, sou de Jean-Claude Juncker. Säin Ëmgang mat Leit wéi Macron oder Scholz géif awer weisen, datt hien ni wierklech un enger diplomatescher Léisung interesséiert war:

"En huet se belunn. An im Nachhinein stellt sech och objektiv eraus, datt se virgeféiert gi sinn. Dat ass - iwwer de Krich eraus - e Virgang, dee laang Joerzéngte wäert brauchen, fir erëm a geuerdent Bunnen zeréckzekommen. (...) Do bleift jo een déifsëtzend Mësstrauen, dat de Putin elo duerch seng Aktioune provozéiert huet. Dat ass net gutt fir d'europäesch Zukunft, et ass net gutt fir d'Welt."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Olaf Scholz an Charles Michel um Spezial-Sommet
Ukrain-Konflikt

EU bréngt zweete Sanktiounspak géint Russland op de Wee. Betraff sinn de russesche Finanz-, den Energie- an den Transport-Secteur, virgesi sinn och Export-Kontrollen.

Jean Asselborn
Eischt Reaktioun op militäresch Attack

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn condamnéiert d'Attacke vu Russland géint d'Ukrain. De Wladimir Putin wéilt seng Weltuerdnung duerchsetzen an déi hätt näischt mat de Prinzippie vun engem Rechtsstaat ze dinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen