Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Hollerich sicht d'Gespréich mat Rosa Lëtzebuerg

Kathoulesch Kierch

Jean-Claude Hollerich sicht d'Gespréich mat Rosa Lëtzebuerg

De Kardinol Jean-Claude Hollerich plangt e Besuch bei der asbl. "Rosa Lëtzebuerg", esou d'Ukënnegung vu Generalvikar Léo Wagner de Moien am 100,7-Interview. Dëst ass eng Reaktioun op een oppene Bréif vum Verwaltungsrot vun der asbl. vu gëschter.

auto_stories

3 min

De Kardinol wéilt dat pastoraalt Gespréich mat hinne sichen: et soll gekläert ginn, wéi de Kontakt tëschent der Kierch a Rosa Lëtzebuerg soll gestalt ginn, huet de Léo Wagener erkläert. Duerch déi geplangte Visitt wéilt de Kardinol Jean-Claude Hollerich och däitlech maachen, datt keen Zweiwel doru géif bestoen, datt homosexuell Männer oder Fraen Deel vun der Kierch zu Lëtzebuerg sinn.

No der Positioun vun der Glawenskongregatioun vum Vatikan wat d'Net-Seene vun homosexuelle Koppelen ugeet, hat Rosa Lëtzebuerg an hirem oppene Bréif geschriwwen, datt d'Positioun vun der Kierch bei villen homosexuelle Gleewegen net just Onwuelsinn, mee och e Gefill vu Verstouss si géif ausléisen.

Grad elo fir Ouschterdag wier et Zäit fir och zu Lëtzebuerg een Dialog unzestoussen, erkläert de President vu "Rosa Lëtzebuerg" Tom Hecker:

"Mir erwaarden eis vun der kathoulescher Kierch u sech, datt si hire Widderstand hisiichtlech vun alternative Liewensmodeller op d'Säit leeën, opginn. Respektiv, datt mer effektiv deen Aarbechtsgrupp kënnen zesumme grënnen, wou mer net nëmmen der kathoulescher Kierch, mee och aner Reliounsgemeinschafte wëllen hëllefen, e gemeinsame Wee ze goe fir queer Memberen ze ënnerstëtzen an net aus der Relioun auszeschléissen."

Am oppene Bréif huet d'asbl. Rosa Lëtzebuerg virgeschloen, een diözesanen Aarbechtsgrupp "Orientation sexuelle et identité de genre" ze schafen, an deen d'asbl. sech géif mat a bréngen, fir ee reegelméissegen Austausch ze garantéieren.

Homosexuell Mënsche "wëllkomm" an der kathoulescher Kierch

"Selbstverständlech" wieren och homosexuell Mënschen an der Kierch vu Lëtzebuerg wëllkomm, esou reagéiert dann de Generalvikar. Zu de Virschléi vu "Rosa Lëtzebuerg" seet de Weibëschof Léo Wagener:

"Dorop kann ech soen, dass ech haut de Moien d'Geleeënheet hat, fir mat dem Kardinol selwer iwwer déi Propos vu Rosa Lëtzebuerg ze schwätzen, an de Kardinol huet eng ganz eendeiteg Äntwert: hie wäert selwer e Besuch maache bei Rosa Lëtzebuerg, also hie wäert op Rosa Lëtzebuerg a senger Persoun op si duer goen, an dat pastoraalt Gespréich mat hinne sichen. Et wäert ouni grousse Medierummel iwwer d'Bün goen. Et soll eng pastoral Visitt sinn, an do kann een dann an engem Virgespréich klären, wéi een da weider wëllt de Kontakt tëschent der Kierch a Rosa Lëtzebuerg gestalten."

Duerch dës geplangte Visitt wéilt de Kardinol Jean-Claude Hollerich och däitlech maachen, datt keen Zweiwel géif doru bestoen, datt homosexuell Männer oder Fraen Deel vun der Kierch zu Lëtzebuerg sinn, esou de Léo Wagener.

Déi Kathoulesch Kierch huet der Glawenskongregatioun vum Vatikan no keng Vollmuecht homosexuell Koppelen ze seenen: dat war Mëtt Mäerz an enger Deklaratioun kloer gemaach ginn.

Et ass den Appell vu "Rosa Lëtzebuerg" un de Kardinol Jean-Claude Hollerich, datt Geeschtlecher homosexuell Koppele kënnen de Seege spenden, ouni datt dëst Konsequenze fir si hätt.