Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Liam Bailey - Mercy Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jamaika- oder Ampelkoalitioun?

Bundestagswalen

Jamaika- oder Ampelkoalitioun?

Jamaika oder Ampel: Wéi eng Koalitiounsoptioun ass an Däitschland déi méi warscheinlech? De Professer Uwe Jun, Politikwëssenschaftler vun der Uni Tréier, wëllt sech net festleeën: hien hält béid Optioune fir méiglech.

auto_stories

2 min

Datt elo emol fir d'éischt FDP a Gréng matenee schwätze wëllen, wier eng "charmant" Iddi. Et sollt een awer déi inhaltlech Differenzen tëscht béide Parteien net ënnerschätzen, sou de Professer Jun: "Die sind schon erheblich und gravierend".

Däitlech Ënnerscheeder tëschent FDP a Gréng

Déi Gréng wéilten däitlech Steiererhéijungen an d'Opweeche vun der Schuldenbremse. D'FDP wéilt dat awer op guer kee Fall, de Cjristian Lindner hätt sech gëschter Owend nach eng Kéier däitlech géint béides ausgeschwat.

Den Uwe Jun ënnersträicht datt d'Virstellunge vu Bündnis90/Die Grünen alleguer "nicht gerade günstig" wieren, wat de Staatsbudget betrëfft.

"Klimaschutz wird teuer, und auf der anderen Seite eben auch das was die Grünen an Sozialversprechen abgegeben haben. Ob das dann am Ende mit der FDP überein kommt, wird man sehen."

D'FDP wier iwwerdeems och kritesch, wat national Elenggäng bei der Klimaschutzpolitik betrëfft - si géifen éischter op de Marché an international Léisunge setzen. Hei misst ee kucken, wéi ee béid Positioune méi no beienee brénge kann.

Regierungsbildung brauch Zäit

Dës Differenzen ze iwwerbrécken, an duerno och nach en Accord mat SPD oder CDU iwwer e Regierungsprogramm ze fannen, géif op jiddwer Fall Zäit brauchen, mengt de Politikwëssenschaftler. Hie geet dovunner aus, datt viru Chrëschtdag net mat enger endgülteger Entscheedung an enger Regierungsbildung ze rechnen ass.

De Professer Uwe Jun ka sech net virstellen, datt et an der CDU Stréimunge gëtt, déi probéiere kéinten, den Armin Laschet nach vu sengem Usproch op d'Kanzleramt ofzebréngen. D'Selbstverständnis vun der Unioun als Regierungspartei wier dofir ze déif an hire Gene verwuerzelt.