Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Iwwerschëldung féiert zu Aarmut, an Aarmut zu Iwwerschëldung"

Kafkraaft

"Iwwerschëldung féiert zu Aarmut, an Aarmut zu Iwwerschëldung"

Belsch Kreditter mat Zënssätz vu bis zu 19 Prozent sinn heefeg eng Ursaach, datt sech Lëtzebuerger iwwerschëlden, seet de Christian Schumacher. Dem Responsabele vum Service surendettement no, féieren heefeg Schicksalsschléi dozou, datt Leit hiert Liewen net méi finanzéiert kréien. Dës Regierung hätt dozou bäigedroen, datt Persounen a prekäre finanzielle Situatioune besser iwwert d'Ronne kommen. D'Allocation de vie chère misst awer gehéicht ginn.

auto_stories

2 min

Christian Schumacher

De Christian Schumacher kritiséiert, datt et zu Lëtzebuerg net genuch Datematerial géif ginn, fir ze wëssen, wéi vill Leit am Land an enger prekärer finanzieller Situatioun liewen. Nieft Informatiounen iwwert RMG-Empfänger, Leit mat Mindestloun a Leit ouni Akommes missten zousätzlech Donnéeë gesammelt ginn. D'Zuel vun de Saisien op Paien, d'Cessiounen, déi vu Banken agereecht ginn, d'Procédures de Recouvrement vu Firmen a Gemengen, d'Zuel vun den Dossieren, déi vu Dierwiechter traitéiert ginn ... all déi Elementer zesumme géifen eréischt e komplett Bild ginn, wéi vill Persounen a Stéit net genuch Suen um Enn vum Mount hunn.

D'Illusioun vum Kredit

"De Gros vun der Iwwerschëldung ass op Kreditter zréckzeféieren." Wat viraussetzt, datt ee genuch Akommes huet, fir iwwerhaapt e Kredit opzehuelen. Jiddereen an der Gesellschaft kéint vun Iwwerschëldung betraff ginn, seet de Christian Schumacher. Heefeg géife Schicksalsschléi dozou féieren - en Accident, eng Scheedung, de Verloscht vun der Aarbecht.

"Wann et engem gutt geet, huet een d'Tendenz, sech et gutt goen ze loossen." Wëssenschaftstheorien no hätt de Mënsch Tendenz, no där sozialer Schicht ze striewen, déi iwwert engem leit. Wann dann an der Vergaangenheeten net genuch Reserven ugeluecht gi sinn an et kënnt e Schicksalsschlag dobäi, da géif ee séier an d'Verschëldungsspiral rëtschen. Vill Leit géifen awer net genuch verdéngen, fir Reserven unzeleeën, sou den Expert vun der Ligue medico-sociale.

Ee vun de Grënn fir d'Iwwerschëldung zu Lëtzebuerg wiere Kreditter an der Belsch. Vill Leit géifen e Kredit am Nopeschland ophuelen, well si zu Lëtzebuerg kee méi accordéiert kruten. Problematesch un deene belsche Kreditter wier och, datt den Taux vun den Zënsen (bis zu 19 Prozent) héich wier, an datt d'Leit doduerch nach méi déif an d'Scholdespiral géife rëtschen.

Sozialmesuren

Mëttlerweil géif et mat der Faillite civile de rétablissement personnel eng Legislatioun ginn, déi deene Betraffenen erméiglecht, en neit Liewen opzebauen. Dës Regierung hätt mat enger Rei Sozialmesuren dozou bäigedroen, datt Persounen a prekäre finanzielle Situatioune besser iwwert d'Ronne kommen. An Zukunft misst nach méi an d'Preventioun investéiert ginn.

D'Allocation de vie chère misst senger Meenung no gehéicht ginn. D'Regierung plangt, datt an Zukunft méi Leit dovu profitéieren. De Montant soll awer net an d'Luucht goen.